Déidlechen Accident vum André Drege

© AFP (Archiv)
Zäitgläich zum Tour de France gëtt den Tour duerch Éisträich gefuer. Hei koum et op der zweetleschter Etapp zu engem déidlechen Incident.
Beim Tour duerch Éisträich koum et e Samschdeg zu engem Accident mat traurege Suitten. Bei der Descente vum Grossglockner ass de André Drege gestierzt a koum ëm d'Liewen. Dat huet den Organisateur op Instagram matgedeelt, genee Detailer zum Accident sinn awer net bekannt. De 25 Joer alen Norweeger war fir d'Continental-Team Coop-Repsol gefuer.
No dësem weideren déidlechen Accident wärend enger Course dierften d'Sécherheetsbestëmmungen nees an der Diskussioun stoen. D'lescht Joer war et beim Tour de Suisse zu engem Accident mat déidleche Suitte komm an dëst Joer gouf et beim Tour duerch d'Baskeland e Massestuerz.
D'Etapp vu St. Johann op Kals gouf vum zweefachen Zäitfuer-Weltmeeschter Filippo Ganna gewonnen. Bei dësem Tour sinn och d'Lëtzebuerger Mathieu Kockelmann, Tom Wirtgen a Mil Morang am Asaz.