Op der 10. Etapp vum Tour de France goung et iwwer 187,3 flaach Kilometer vun Orléans op Saint-Amand-Montrond.

Tëschent dem Depart zu Orléans an der Arrivée louchen 187,3 flaach Kilometer. An déi ware beim onbestännege Wieder net mol wierklech interessant fir eng Echappée. Eréischt no enger Stonn waren Harm Vanhoucke a Kobe Goossens an der Attack, mee de Peloton huet se un der Léngt gehalen. E gudde Moment fir eng Konterattack hu sech Van Moer, Madouas an de Kevin Geniets geduecht. Dësen Trio huet probéiert, bei d'Spëtzt bäizefueren, mee dat ass net gelongen. De Kevin Geniets hat wuel gehofft, de Peloton géif se fortfuere loossen, mee de Problem war den Tëschesprint no 57 Kilometer. Do goung et ëm Punkte fir de Grénge Maillot an d'Sprinterekippen hunn Tempo gemaach. De Lëtzebuerger Champion ass mat agefaange ginn an hannert Goossens a Vanhoucke war de Jasper Philipsen dee Séiersten, dat virum Leader vum Punkteklassement Biniam Girmay. Kuerz nom Tëschesprint ass de Kobe Goossens agefaange ginn. De Kevin Geniets hat seng Aufgab fir de Rescht vun der Etapp.

Tour de France - 10. Etapp (Resumé)
Jasper Philispen wënnt am Sprint.

An dunn ass laang näischt méi passéiert, bis de Wand geblosen huet. Mee weder d'Emirates nach Visma kruten eng richteg Bordür opgemaach. Deen eenzege Géigner fir e Sprint war deemno nëmmen de Wand. 9. Juli war den Datum, op deem de Mark Cavendish déi éischte Etapp am Tour gewonnen huet. Dat war 2008. 2013 huet de Britt eng weider vu senge 35 Victoirë konnte feieren an dat war zu Saint-Amand-Montrond. Mee haut hat hien op der selwechter Plaz an um 9.Juli näischt mam Ausgang vum Sprint ze dinn.

Dofir war och dem Cavendish seng Ekipp net staark genuch. Ganz anescht Alpecin-Deceuninck. An de Weltmeeschter Mathieu vun der Poel selwer huet sengem Kapitän Jasper Philipsen de Sprint ugezunn. An de Belsch huet zougeschloen. Hien gewënnt nom Roudag viru Girmay an Ackermann. Et war dem Philipsen säin éischte Succès bei der 111. Editioun a säi 7. am ganze bei der Grande Boucle.

De Bob Jungels fiert als 26. an den Kevin Geniets als 108. an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner iwwert d‘Arrivée.

Am General bleift alles beim Alen. Den Tadej Pogacar fiert weiderhin a Giel an huet 33 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel an 1 Minutt a 15 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. Hei ass de Jungels de 44. op ronn 44 Minutten an de Geniets de 47. op ronn 50 Minutten.

Klassement vun der Etapp

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck
2 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty ,,
3 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech ,,
4 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike ,,
5 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
6 BENNETT Sam Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
7 DEGENKOLB John Team dsm-firmenich PostNL ,,
8 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
9 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla ,,
10 ZINGLE Axel Cofidis ,,

General no der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 35:42:42
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:33
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 1:15
4 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:36
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:16
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:17
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 2:31
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 3:35
9 GEE Derek Israel - Premier Tech 4:02
10 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 4:03
...
58 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 43:47
65 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 50:21