Op der 3. Etapp vum Tour de Wallonie ass et iwwer 192 Kilometer vun Arel op La Roche-en-Ardenne gaangen.

Op der 3. Etapp vum Tour de Wallonie am Cyclissem gouf et ee Succès vum Norweger Markus Hoelgaard. Hien huet sech mat enger Avance vun 2 Sekonne virum Belsch Jimmy Janssens. Den Alex Kirsch ass am Sprint vum éischte grousse Grupp mat de Favoritten als 9. op 43 Sekonnen ukomm. Den Arthur Kluckers huet als 82. iwwer 15 Minutte verluer.
 
Leader am General ass nach ëmmer de Corbin Strong aus Neiséiland. Hien huet eng Avance vu 7 Sekonnen op den Italiener Matteo Trentin. Den Alex Kirsch ass den 3. op 11 Sekonnen. Den Arthur Kluckers ass den 108. op 32 Minutten an 2 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 HOELGAARD Markus Uno-X Mobility 4:46:53
2 JANSSENS Jimmy Alpecin - Deceuninck 0:02
3 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team 0:43
4 WANDAHL Frederik Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
5 CANAL Carlos Movistar Team ,,
6 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
7 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty ,,
8 HAGENES Per Strand Team Visma | Lease a Bike ,,
9 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
10 DEWULF Stan Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
...
82 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 15:08

De General

1 STRONG Corbin Israel - Premier Tech 12:54:57
2 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team 0:07
3 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:11
4 DEWULF Stan Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:12
5 CLARKE Simon Israel - Premier Tech ,,
6 CANAL Carlos Movistar Team 0:13
7 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech ,,
8 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty ,,
9 MOLARD Rudy Groupama - FDJ ,,
10 TESFATSION Natnael Lidl - Trek ,,
...
108 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 32:02