Schlussvictoire fir de Jonas Vingegaard

© AFP
Op der leschter Etapp ass et iwwer 142 Kilometer vu Wieliczka op Krakau gaangen.
Op der leschter Etapp vum Tour duerch Polen huet sech den Hollänner Olav Kooij d'Victoire am Massesprint geséchert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn déi zwee Belsch Tim Merlier a Gerben Thijssen gefuer.
De Luc Wirtgen an den Alex Kirsch sinn an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 93.respektiv 110. ukomm.
De Jonas Vingegaard séchert sech um Enn d'Schlussvictoire. Hien hat eng Avance vun 13 Sekonnen op den Italieener Diego Ulissi. Drëtte gëtt den Hollänner Nico Kelderman op 20 Sekonnen. Am General gëtt de Wirtgen den 30. op 7 Minutten an 58 Sekonnen. De Kirsch klasséiert sech als 100. op 46 Minutten an 52 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike 3:04:08
2 MERLIER Tim Soudal Quick-Step ,,
3 THIJSSEN Gerben Intermarché - Wanty ,,
4 VAN UDEN Casper Team dsm-firmenich PostNL ,,
5 PLOWRIGHT Jensen Alpecin - Deceuninck ,,
6 MEEUS Jordi Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
7 REINDERS Elmar Team Jayco AlUla ,,
8 NAESEN Oliver Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 SWIFT Ben INEOS Grenadiers ,,
10 THEUNS Edward Lidl - Trek ,,
...
93 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team ,,
110 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
D'Schlussklassement
1 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 24:26:22
2 ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:13
3 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:20
4 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 0:33
5 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers 0:37
6 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 0:44
7 ZAMBANINI Edoardo Bahrain - Victorious ,,
8 HONORÉ Mikkel Frølich EF Education - EasyPost 0:49
9 VOISARD Yannis Tudor Pro Cycling Team ,,
10 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 0:53
...
30 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 7:58
100 KIRSCH Alex Lidl - Trek 46:52