En Donneschdeg goung et fir d'Coureure vum Tour de Luxembourg iwwer 155 éischter flaach Kilometer vu Jonglënster op Schëffleng.

Am Sprint zu Schëffleng, dee vum Alex Kirsch ugezu gouf, hat säi Leader Mads Pedersen zum Schluss déi beschten Ausgangspositioun an huet sech déi zweet Etapp vum Tour de Luxembourg geséchert. Dat virum Leader am Generalklassement Mathieu van der Poel an dem Robin Froidevaux. Beschte Lëtzebuerger gouf de Mathieu Kockelmann als 16..

De Resumé vun der Etapp

Den Tempo am Peloton war an der Ufanksphase relativ héich. Et huet dann och eng 15 Kilometer gebraucht, fir datt sech eng kleng Echappée konnt forméieren. Genee wéi och op der éischter Etapp schonn hat den Alexandre Kess et an d‘Echappée vum Dag gepackt. Nieft dem Lëtzebuerger war och nees den Hollänner Pepijn Reinderink mat dobäi. Fir de Reinderink ass et drëm gaangen, nees Punkte fir de Biergpräis ze sammelen. An deem Klassement ass hien no der éischter Etapp vir gewiescht.

Maximal Avance fir déi zwee ass iwwer d‘Montée vun Zëtteg op gutt 4 Minutten eropgaangen. Duerno ass se lues awer sécher erëm gefall. Uewen op der Steeseler Kopp, no ronn der Hallschent vun der Etapp, hat d‘Echappée nach knapp 3 Minutten Avance. Hei huet de Reinderink sech nach Punkte vum Biergpräis geholl, fir sech kuerz drop an de Peloton zeréckfalen ze loossen. Vun deem Ament u war den Alexandre Kess eleng un der Spëtzt. Fir de Peloton war een eenzele Coureur ganz einfach ze kontrolléieren.
Um Schlusscircuit, eng 30 Kilometer virun der Arrivée, war et fir den Alexandre Kess gedoen. 

Op deem Circuit ass et nach zwee Mol iwwer de Keeler Potto gaangen an et goufen nach eng Partie Attacken. D‘Equipiere vun de Sprinter hu sech awer net iwwerrasche gelooss an hunn d‘Lächer ëmmer nees zougefuer. 
 
Um Enn vun den 155 Kilometer gouf et ee Sprint, dee vum Alex Kirsch ugezu gouf, zu Schëffleng, dee vum Lëtzebuerger sengem Leader Mads Pedersen gewonne gouf, dat virum Mathieu van der Poel an dem Robin Froidevaux. Beschte Lëtzebuerger gouf an der selwechter Zäit wéi de Gewënner de Mathieux Kockelmann als 16.

TdL: De leschte Kilometer vun der zweeter Etapp
D'Sprinterekippen haten hir Spëtzefuerer a Positioun bruecht, fir sech d'Victoire zu Schëffleng sécheren ze kënnen.

Un der Spëtzt vum Generalklassement ginn et wéineg Verännerungen. De Mathieu van der Poel huet 10 Sekonnen Avance op de Christophe Laporte an der 12 op der Andreas Kron.

Den Alexandre Kess, dee laang an der Echappée war, gouf no der Arrivée als "Meilleur Combatif" ausgezeechent.

E Freideg steet d'Kinneksetapp um Programm. Da geet et iwwer 201,3 Kilometer vu Rouspert op Dikrech.

De Replay vun der Etapp fannt Dir um RTL Play.

D'Reaktiounen no der Etapp

TdL: D'Reaktiounen no der 2. Etapp
Um Mikro hu mer mat e puer Lëtzebuerger op hir Etapp gekuckt, awer och mam Gewënner vun der Etapp Mads Pedersen an dem Leader Mathieu van der Poel.

D'Klassement vun der Etapp

RTL

© pressphoto.rtl.lu

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 3:41:27
2 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck ,,
3 FROIDEVAUX Robin Tudor Pro Cycling Team ,,
4 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike ,,
5 WRIGHT FredBahrain - Victorious ,,
6 MAESTRI Mirco Team Polti Kometa ,,
7 OLIVEIRA Ivo UAE Team Emirates ,,
8 PITHIE Laurence Groupama - FDJ ,,
9 MILESI Lorenzo Movistar Team ,,
10 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious ,,
...
16 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg ,,
35 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
44 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
50 JUNGELS Bob Luxembourg ,,
58 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,
62 WENZEL Mats Luxembourg ,,
63 WALLENBORN Arno Luxembourg ,,
87 URY Noé Luxembourg 2:30
102 KESS Alexandre Luxembourg 4:56

D'Generalklassement no der 2. Etapp

RTL

© pressphoto.rtl.lu

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 7:27:39
2 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike 0:10
3 KRON Andreas Lotto Dstny 0:12
4 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
5 HAGEN Carl Fredrik Q36.5 Pro Cycling Team 0:13
6 ANDERSEN Idar Uno-X Mobility 0:15
7 SWEENY Harry EF Education - EasyPost ,,
8 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:16
9 MAESTRI Mirco Team Polti Kometa ,,
10 BARRENETXEA Jon Movistar Team ,,
...
19 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:16
21 JUNGELS Bob Luxembourg ,,
38 WENZEL Mats Luxembourg ,,
72 KIRSCH Alex Lidl - Trek 8:24
73 WALLENBORN Arno Luxembourg ,,
74 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,
80 URY Noé Luxembourg 10:54
96 KESS Alexandre Luxembourg 18:04
98 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 19:19