Déi lescht Etapp gouf vum David Gaudu gewonnen. Dem Tiberi ass eng 4. Plaz duergaange, fir am Schlussklassement ganz uewen ze stoen.

No enger spannender leschter Etapp ass den Antonio Tiberi (Bahrain - Victorious) de Schlussgewënner vum Tour de Luxembourg ginn. Hien ass nach laanscht de Mathieu van der Poel (Alpecin - Deceuninck) gezunn. Drëtte gouf den David Gaudu (Groupama-FDJ ). De Mats Wenzel huet sech op der 10. Plaz klasséiert a war de beschte Lëtzebuerger.

Déi lescht Etapp gouf vum David Gaudu gewonnen. Hien hat eng kleng Avance vun 3 Sekonnen op de Quinn Simmons (Lidl-Trek) an den Jordan Jegat (TotalEnergies). Beschte Lëtzebuerger vun der Etapp war den Arno Wallenborn op der 12. Plaz.

Skoda Tour de Luxembourg - 5. Etapp (Resumé)
Schlussvictoire fir den Antonio Tiberi, de Mats Wenzel packt et an d'Top10

All d'Etappe fannt Dir um RTL Play am Replay.

D'Reaktiounen no der Schlussetapp

D'Reaktiounen no der Schlussetapp vum Skoda Tour de Luxembourg
De Coequipier vum Kevin Geniets, David Gaudu, huet sech d'Etapp geséchert, Schlussgewënner gëtt den Antonio Tiberi an de Mats Wenzel packt et an d'Top10.
Den Directeur de Course vum TdL Andy Schleck zitt e positive Bilan
Bis déi lescht Meter war den Tour de Luxembourg och dës Editioun nees spannend.

De Resumé vun der Etapp

No enger nervöser Ufanksphas mat villen Attacken och vu Spëtzeleit wéi van der Poel, hu sech 3 Coureuren ofgesat an de groussen Deel vun der Etapp gepräägt. Ronn 25 Kilometer virun der Arrivée goung et déi éischte Kéier an de Pabeierbierg, wou et Attacken aus dem Peloton gouf.

Kirsch a Jungels hu sech dobäi mat 3 anere Coureuren ofgesat, goufen awer schnell nees agefaangen. Un der Spëtzt louche weiderhin den Archie Ryan an de Johannes Staune-Mittet, déi och schonn an der Echappée vum Dag waren.

Beim 2. Passage huet den Hirschi acceleréiert, d'Coureure waren an der Suite all nees beieneen. Kuerz drop hu sech mam Tiberi, Gaudu, Simmons a Jegat 4 Coureuren ofgesat. Aus deem Grupp koum och de Gewënner vun der Etapp. De Gaudu konnt sech ofsetzen an d'Etapp gewannen. Hannendrunn hu sech de Simmons an de Jegat op de Plazen 2 an 3 klasséiert.

Den Arno Wallenborn huet sech an der Schlussphas vill gewisen a gouf als 12. de beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vun 31 Sekonnen. De Mats Wenzel hat de selwechte Réckstand a gouf de 17.. Domadder huet hie sech d'Top-10-Plaz am General geséchert.

D'Klassement vun der Etapp

1 Gaudu David Groupama-FDJ 04:06:03
2 Simmons Quinn Lidl-Trek + 03
3 Jegat Jordan TotalEnergies ,,
4 Tiberi Antonio Bahrain Victorious,,
5 Pedersen Mads Lidl-Trek + 29
6 van der Poel Mathieu Alpecin-Deceuninck + 29
7 Ayuso Juan UAE Team Emirates + 31
8 Tronchon Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team + 31
9 Vansevenant Mauri Soudal Quick-Step + 31
10 Hirschi Marc UAE Team Emirates + 31
11 Kelderman Wilco Team Visma | Lease a Bike + 31
12 Wallenborn Arno Luxembourg + 31
...
17 Wenzel Mats + 31
39 Geniets Kevin Groupama-FDJ + 01:09
41 Kirsch Alex Lidl-Trek + 01:13
48 Kess Alexandre Luxembourg  + 03:52
57 Ury Noe Luxembourg + 05:34
60 Kockelmann Mathieu Luxembourg + 05:34
67 Jungels Bob Luxembourg + 05:34

D'Schlussklassement

1 Tiberi Antonio Bahrain Victorious 16:47:34
2 van der Poel Mathieu Alpecin-Deceuninck + 15
3 Gaudu David Groupama-FDJ + 16
4 Vansevenant Mauri Soudal Quick-Step + 19
5 Ayuso Juan UAE Team Emirates + 21
6 Hirschi Marc UAE Team Emirates + 26
7 Sweeny Harry EF Education-EasyPost + 46
8 Jegat Jordan TotalEnergies + 54
9 Piganzoli Davide Team Polti Kometa + 01:04
10 Wenzel Mats Luxembourg + 01:15
...
35 Jungels Bob + 08:22
39 Geniets Kevin + 11:19
43 Wallenborn Arno + 13:42
55 Kirsch Alex Lidl-Trek + 19:34
69 Ury Noe + 34:00
76 Kess Alexandre + 39:21
78 Kockelmann Mathieu + 47:37