E Sonndeg war déi 6. a lescht Etapp vum Simac Ladies Tour an Holland. Dës goung iwwer 145 Kilometer vun Arnhem op Arnhem

Fir d’Christine Majerus ass mat der leschter Etapp vun der Course d’Stroossekarriär no 16 Joer op een Enn gaangen.

Op der 6. a leschter Etapp, déi iwwer 145 Kilometer vun Arnhem zeréck op Arnhem gaangen ass, kënnt d’Lëtzebuergerin beim Succès vum Lotte Kopecky, mat engem Retard vu 15 Sekonnen op déi 31. Plaz

D’Lotte Kopecky gëtt och Schlussgewënnerin. D‘Christine Majerus ass hei op déi 17. Plaz komm.

Fir d'Christine Majerus war d'Simac Ladies Tour déi lescht Etappecourse mat hirer Ekipp SD Worx-Protime. D'Lëtzebuergerin zitt um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert hir Karriär. Fir d'Christine Majerus war et e ganz emotionalen Dag.

D'Klassement vun der Etapp

1. KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 3:44:49
2. WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime ,,
3. TRUYEN Marthe Fenix-Deceuninck ,,
4. SMULDERS Silke Liv AlUla Jayco ,,
5. BALSAMO Elis Lidl - Trek ,,
6. ANDERSEN Susanne Uno-X Mobility ,,
7. WOLLASTON Ally AG Insurance - Soudal Team 0:01
8. KOCH Franziska Team dsm-firmenich PostNL ,,
9. VEENHOVEN Nienke Team Visma | Lease a Bike ,,
10. BARBIERI Rachele Team dsm-firmenich PostNL ,,
...
31. MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0:15

De General

1. KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 
2. KOCH Franziska Team dsm-firmenich PostNL
3. BÄCKSTEDT Zoe Canyon//SRAM Racing
...
17. MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 1:27