Däitlech Victoire fir den Timothé Gabriel zu Kayl
E Sonndeg gouf zu Kayl den drëtte Cyclocross vun der Saison gefuer. Et war den éischte Cross am déiwe Bulli.
Duerch de Reen aus de leschten Deeg hat sech dee soss ëm dëst Joreszäit relativ séiere Parcours an e Cross verwandelt, wéi ee se soss éischter méi spéit an der Saison fënnt.
Et konnt een deemno gespaant sinn, wie sech op deem schwéiere Parcours mat villen Héichtemeter géif duerchsetzen. Um Depart hate sech puer interessant Coureuren afonnt. Nieft dem Vainqueur vum Night Cross vu virun 2 Wochen, dem Timothé Gabriel aus Frankräich, hat sech och de belsche Champion vun der Elite sans Contrat, de Mathijs Wuyts, zu Kayl ageschriwwen. Nodeems d'Coureuren um 15.15 Auer op de Parcours geschéckt goufen, war awer schonn no engem Tour kloer wien e Sonndeg déi beschte Form hätt. Et war de Fransous Timothé Gabriel, deen exzellent mat dëse Konditiounen zu Wee komm ass. Technesch a konditionell war den 22 Joer jonke Coureur all deenen anere wäit iwwerleeën an huet seng Avance Tour fir Tour ausgebaut.
Hannert dem Gabriel huet een am Ufank e Grupp mam Lëtzebuerger Champion Loïc Bettendorff, dem belsche Champion Wuyts an och dem Ken Conter an dem Noa Berton ëm d'Éiereplaze kämpfe gesinn. Am Laf vun den Tier konnt de Loïc Bettendorff awer eng Avance op déi aner erausfueren a sech fest op der zweeter Plaz etabléieren.
Hannert dem Loïc Bettendorff sinn d'Ecarten och ëmmer méi grouss ginn. Aus Lëtzebuerger Siicht huet de Ken Conter sech festgebass a gouf um Enn mat der 5. Plaz belount.
Mat bal zwou Minutten Avance ass den Timothé Gabriel als Vainqueur iwwer d'Arrivée gefuer. Mat senger Victoire bleift hien och Leader am Skoda Cross Cup. De Loïc Bettendorff als Zweeten an do hannendrun de Mathijs Wuyts als Drëtten hunn de Podium komplettéiert.
Den nächste Sonndeg geet et mam regionale Cross zu Munneref weider.