Den 20 Joer jonke Coureur huet e Kontrakt mat der belscher Ekipp ënnerschriwwen.

Dëst Joer war de staarke Rouleur a séiere Sprinter fir d'Ekipp Lotto Kern-Haus PSD Bank gefuer an hat beim Orlen Nations Grand Prix, der héchster Kategorie vun Espoir Coursen, eng Etapp gewonnen. Bei de Junioren hat de Coureur vu Schuller et souguer fäerdeg bruecht fir bei de Junioren am Zäitfueren Europameeschter ze ginn. Deemools war hie fir d'Nowuess-Ekipp vu Bora-Hansgrohe gefuer an et war ee fest dovunner ausgaangen datt hien och do géif Profi ginn. Dat huet sech awer net confirméiert an elo féiert de Wee an d'Belsch. Fir 2025 ass de Kockelmann nach fir Development Team vu Lotto-Dstny ënnerwee, vun 2026 u soll hien da fir 2 Joer an der World Tour ënnerwee sinn.

De Mathieu Kockelmann am Interview mat RTL.lu
Den 20 Joer jonke Coureur huet e Kontrakt mat der belscher Ekipp ënnerschriwwen.

An der Zukunft wëll de Mathieu Kockelmann seng Qualitéiten an de Klassiker an am Sprint weider verbesseren.

De Mathieu Kockelmann am Interview mat RTL.lu
Den 20 Joer jonke Coureur huet e Kontrakt mat der belscher Ekipp ënnerschriwwen.

Mam neie Kontrakt huet de Mathieu Kockelmann elo Zäit a Rou fir sech weider ze entwéckelen. Iwwer de Wanter wäert een hien och e puer mol um Cyclocross gesinn. Hien wëll des Disziplin mat an den Opbau fir déi nei Saison mat abauen.