Schlussvictoire fir de Lennert van Eetvelt, Alex Kirsch op Plaz 65

© AFP (Archiv)
Iwwer sechs Etappen ass d'Course dës Woch a China gefuer ginn.
De Belsch Lennert van Eetvelt huet d'Gree-Tour of Guangxi a China gewonnen. De Belsch huet sech no 6. Etappe mat enger Avance vu 5 Sekonne virum Oscar Onley aus Groussbritannien behaapt. Op déi drëtte Plaz ass de Fransous Alex Baudin gefuer. Hien hat e Retard vu 15 Sekonnen.
Den Eetvelt hat e Samschdeg d'Kinneksetapp gewonnen a sech domat déi éischt Plaz geséchert.
Mam Alex Kirsch war och e Lëtzebuerger um Depart. Hien ass de 65. op 11 Minutten an 22 Sekonne ginn.
Op der leschter Etapp gouf et eng Victoire am Sprint vum Slowen Matevz Govekar. Hei war de Lëtzebuerger den 79. op 7 Minutten an 43 Sekonnen.
D'Schlussklassement
1 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny 22:21:45
2 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 0:05
3 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:15
4 LAFAY Victor Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:19
5 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates 0:21
...
65 KIRSCH Alex Lidl - Trek 11:22