Marie Schreiber hëlt Podiumsplaz op EM oder WM an d'Viséier

© FSCL Hugo Berthélemy
De leschte Weekend huet d'Cyclocross Saison fir d'Marie Schreiber ugefaangen, an dat mat zwee Succèsen a Frankräich.
De leschte Weekend huet d'Cyclocross Saison fir d'Marie Schreiber ugefaangen, an dat mat zwee Succèsen a Frankräich.
Bei enger ganz staark besater Course en Dënschdeg an Holland koum d'Lëtzebuergerin hannert der hollännescher Championne Lucinda Brandt op déi zweete Platz. Fir de Recht vun der Saison huet d'Cyclocross Spezialisten sech e puer d'Ziler gesat:
"Wann ech kucken, wat ech déi leschte Saison erreecht hunn, a bësse realistesch sinn a weess, wéi vill Fortschrëtter ech am Summer gemaach hunn, dann ass ee Podium op enger EM a WM dobäi. Well ech dëst Joer, ausser enger Course, all Weltcup Course wäert fueren, dann ass den U23 Gesamtweltcup een d'Zil. An da wéilt ech och nach eng Kéier, op engem Elite Podium stoen."
Den éischte grousse Rendez-vous ass e Sonndeg 8 Deeg mat der Europameeschterschaft zu Pontevedra a Spuenien.