Succès fir d'Fem van Empel, Marie Schreiber fiert op déi excellent 3. Plaz

© Tom Flammang
D'Hollännerin huet sech no enger ganz spannender Course duerchgesat. D'Marie Schreiber war laang vir dobäi a gouf hannert dem Lucinda Brand dat 3..
D'Fem van Empel huet sech an engem spannende Schlusssprint virum Lucinda Brand duerchgesat. D'Marie Schreiber huet sech mat engem klenge Retard vun 2 Sekonnen déi 3. Plaz geséchert. D'Marianne Vos an d'Blanka Vas sinn op d'Plaze 4 a 5 gefuer. Fir d'Van Empel war et déi 3. Victoire hannerteneen zu Benidrom. D'Marie Schreiber läit am General no der Course a Spuenien op der 4. Plaz an huet just 6 Punkte Retard op d'Zoe Backstedt op der 3. Plaz. D'Liv Wenzel gouf dat 51. mat engem Retard vu 5 Minutten an 30 Sekonnen.
D'Marie Schreiber hat wéi gewinnt e gudden Depart an huet sech direkt vir gewisen. An den éischten zwee Tier war e relativ grousse Grupp vu 17 Fuererinnen un der Spëtzt. Nieft dem Schreiber waren och d'Fem van Empel, d'Lucinda Brand oder Carmen Alvarado mat dobäi. Am 3. Tour gouf et eng Tempoverschäerfung vum van Empel, um Enn vun dem Tour ass de Grupp, wou d'Marie Schreiber weiderhin dra war, nees zesummekomm.
Am 4. Tour ass den Tempo vir an der Course nach emol an d'Luucht gaangen a mam van Empel, Brand a Vas ware just nach dräi Cyclistinnen un der Spëtzt. D'Alvarado louch knapp hannendrun an d'Marie Schreiber war an engem 3. Grupp mat ë.a. Vos a Backstedt.
Am zweetleschten Tour ass et de Fuererinnen hannert dem Spëtzegrupp awer nees gelongen, Uschloss ze fannen a 10 Cyclistinnen hate virum leschten Tour nach d'Chance, de Weltcup fir sech ze entscheeden. Et war eng ganz spannend Course an där an der Schlussphas och d'Schreiber probéiert huet, sech ofzesetzen. D'Fem van Empel hat um Enn de längsten Otem an huet sech am Sprint virum Brand an dem Schreiber behaapt.
Den Thibau Nys aus der Belsch huet sech an der Course bei den Hären duerchgesat. Hien hat eng Avance vun 3 Sekonnen op den Eli Iserbyt och aus der Belsch a vu 4 Sekonnen op den Hollänner Lars van der Haar.
D'Resultater vun den Dammen
1 VAN EMPEL Fem Visma-Lease a Bike 47:54
2 BRAND Lucinda Baloise Glowi Lions ''
3 SCHREIBER Marie +0:02
4 VOS Marianne Visma-Lease a Bike +0:04
5 VAS Blanka Kata +0:13
6 BACKSTEDT Zoe +0:17
7 CASASOLA Sara Crelan - Corendon +0:18
8 ALVARADO Ceylin Del Carmen Fenix-Deceuninck +0:22
9 VAN DER HEIJDEN Inge Crelan - Corendon +0:29
10 CHLADONOVÁ Viktória +0:34
...
51 WENZEL Liv Sebmotobikes CX Team +5:30
D'Resultater vun den Hären
1 NYS Thibau Baloise Glowi Lions 56:31
2 ISERBYT Eli Pauwels Sauzen - Cibel Clementines +0:03
3 VAN DER HAAR Lars Baloise Glowi Lions +0:04
4 VAN AERT Wout Visma-Lease a Bike +0:06
5 VANTHOURENHOUT Michael Pauwels Sauzen - Cibel Clementines +0:10
6 ORTS LLORET Felipe Ridley Racing Team +0:12
7 VANDEPUTTE Niels Alpecin-Deceuninck +0:15
8 NIEUWENHUIS Joris Ridley Racing Team +0:18
9 VERSTRYNGE Emiel Crelan - Corendon +0:23
10 DUBAU Joshua +0:25