Bob Jungels wëll lescht Chance notzen, fir nach emol Toppniveau ze fannen
Nom Wiessel vu Red Bull - BORA - hansgrohe bei Ineos Grenadiers ass de Bob Jungels voller Motivatioun fir déi néi Saison.
Nom Tour duerch Valencia ass de fréiere Lëtzebuerger Champion wuel krank ginn an huet Tour d'Algarve missen ofsoen, mee de Bob Jungels wëll anescht ewéi déi lescht Saisonen erëm d'Paweesklassiker ugräifen.
Iwwer d'Ardennenklassiker wëll de Léck-Baaschtnech-Léck-Gewënner vun 2018 sech da geziilt op den Tour de France präparéieren. Do soll hien de Carlos Rodriguez ënnerstëtzen, awer och vun der neier Taktik vun Ineos profitéieren. An déi ass, méi aggressiv an opportunistesch an de Courssen ze fueren.
De Bob Jungels ass immens motivéiert, erëm mat deene beschte Coureure matzefueren, a fillt sech a senger neier Ekipp richteg wuel. Dat hätten zwee Trainingslageren an d'Course ronderëm Valencia gewisen.
De Lëtzebuerger weess, dass et villäicht seng lescht Chance ass, mä déi wëll hien notzen.