Den Tour de France vun den Hären 2027 start an der schottescher Haaptstad Edinburgh, dat huet de brittesche Verband e Mëttwoch matgedeelt.

De Rekord-Etappegewënner Mark Cavendish huet iwwerdeems verroden, dass den Tour de France och nach duerch England a Wales fuere wäert, éier et a Frankräich geet.

Schonn 2014 war de Grand Départ a Groussbritannien. 2027 wäert déi fënnefte Kéier sinn, dass de Start vum Tour de France vun den Hären a Groussbritannien ass, fir d'Dammen ass et iwwerdeems eng Première.