Den SMP: Ouni si fiert keng Vëloscourse
D'Sécurité Moto Presse, kuerz SMP, ass fir Sécherheet wärend de Vëloscoursë responsabel.
Lo wou d'Wieder besser gëtt, profitéiere vill Leit vun der Geleeënheet, de Moto aus dem Schapp ze huelen. Dat selwecht gëllt och fir den SMP, déi e Samschdeg de Mëtten zu Colmer-Bierg e Sécherheetstraining ofgehalen hunn.
62 aktiv Memberen zielt den SMP. 36 dovunner ware beim Sécherheetstraining mat dobäi. Dorënner vill nei Memberen. Vu Slalom, Kéiertechnik an enger Vollbremsung, dass den ABS gräift, war alles dobäi. Dësen Training gëtt all Joers organiséiert fir sech erëm nom Wanter un d'Fueren ze gewinnen. Nach méi wichteg ass et awer, dass et den SMP gëtt. Well ouni Si fiert keng Vëloscourse.
De Jacques Fautsch, President vum SMP, erkläert: "Deen ass ganz wichteg, well dat ass och virgeschriwwe vun der UCI, datt mussen d'Motorrieder derbäi sinn, fir d'Sécherheet ze garantéieren, wann Obstakelen do sinn, wann Inselen do sinn, fir eben alles ofzesécheren."
Fir Deplacement vun de Kommissären, Leit déi Zäittafel schreiwen, déi wärend der Course gewise gëtt, Regulateure ma och d’Press - souwuel Fotografe wéi och Kameraleit - sëtzen op hire Motoen. Och wa Motorradsfuerer mat de giele Jacketten omnipresent sinn, betount de Jacques Fautsch awer, dass si Police net ersetzen dierfen:
"De fundamentalen Ënnerscheed ass tëschent hinnen an eis, dass si de Verkéier reegelen an unhalen. Dat duerfe mir net. Dat maache si. Mir duerfe si just e bëssen ënnerstëtzen. Dat besteet doran, dass mir eis och e bëssen dohinner stellen. Mee mir duerfe keen unhalen. Dat ass een Agrëff an de Verkéier an dat duerfe mir net."
Den Eeschtfall gouf am Nomëtten zesumme mat der Vëlosfederatioun simuléiert. D’FSCL huet mat 64 Kanner en Training op d'Bee gestallt. E Peloton, also Fueren am Grupp, en Zäitfuere souwéi eng Course goufe simuléiert.
De Fränk Schleck, Coordinateur National de Cyclisme vun der FSCL: "Fir eis ass et natierlech mega eppes kënnen unzebidden, speziell eise Kanner, dass se a Securitéit kënne Coursë fueren. Mir hunn net vill Coursen. Do hu mer direkt eng Trainingscourse draus organiséiert, soudass d'SNP déi reell Konditiounen, wéi se och an de grousse Coursen, spréch de Skoda zu Lëtzebuerg an all déi aner Coursen, déi se ofdecken, en Training hunn, deen esou realistesch wéi méiglech fir si ass an an engems eng Win-Win Situatioun och fir eis Kanner ass."
Et ass eng Première, well esou Exercicer nach ni konnte simuléiert ginn. De Marcel De Cecco vum SMP ass zefridde mat der Ëmsetzung, virun allem fir déi nei Memberen, déi duerch dës Übung direkt Erfarung sammele konnten:
"Ech denken, datt dat heite ganz wichteg ass, fir eis allen zwee eng Kéier, fir engersäits, datt Vëlosfuerer, d’Erfarung mat Motorrieder kënne maachen an ëmgedréint eis Motorradsfuerer och d'Erfarung mat Vëloscoureuren. Ganz oft wëssen déi net, wéi se sech solle behuelen an och mir net, wa mir déi éischt Kéier laanscht se fueren. Also ass dat hei eng ganz wichteg Erfarung fir eis allen zwee."
E Sonndeg gëtt et fir den SMP direkt seriö, well Motorrieder si bei der Vëloscourse zu Bech am Asaz a suergen do fir Sécherheet.