Tadej Pogacar gewënnt d'Dagescourse eng zweet Kéier

© AFP
De sloweenesche Weltmeeschter konnt sech en solitaire virum Mads Pedersen an dem Mathieu van der Poel duerchsetzen. Bei den Damme gewënnt d'Lotte Kopecky.
Kuerz no 10 Auer goufen d'Coureuren op den 269 Kilometer laange Parcours geschéckt. Knapp 6 Stonne méi spéit konnt den Tadej Pogacar d'Hänn an d'Luucht rappen an duerft sech iwwer seng zweet Victoire beim Tour des Flandres freeën. D'Plazen 2 bis 5 goufen am Sprint decidéiert. Hei hat de Mads Pedersen déi séierst Been a klasséiert sech virum Mathieu van der Poel.
Bei der 109. Editioun vu Bruges op Oudenaarde hat sech fréi eng Grupp vun 13 Leit duerch d'Bascht gemaach. Dës Grupp hat iwwer eng Jett Kilometer eng Avance tëscht 1 an 2 Minutten, mee nom zweete Passage vum Oude Kwaremont 50 Kilometer virun der Arrivée ass dëse Virsprong ëmmer méi geschmolt. Hannendrun huet sech eng zweet Grupp mat de Favoritte Mathieu van der Poel, Tadej Pogacar, Matteo Jorgensen, Mads Pedersen a Wout van Aert forméiert.
39 Kilometer virun der Arrivée haten de van der Poel, de Pogacar an de Pedersen d'Echappée ageholl. An der leschter Montée op de Oude Krawemont erop konnt den Tadej Pogacar seng Géigner stoe loossen a sech eng komfortabel Avance erausfueren. De Weltmeeschter war duerno net méi anzehuelen an ass eleng bis op d'Arrivée gefuer. 2023 konnt hien dëse Klassiker schonn eng Kéier gewannen.
Mam Bob Jungels an dem Arthur Kluckers waren och zwee Lëtzebuerger um Depart. De Kluckers ass als 100. iwwer d'Ligne d'arrivée gerullt an de Jungels an der selwechter Zäit als 109. De Jungels huet sech bei dëser Een-Dagescourse ganz an den Déngscht vu senger Ekipp gestallt.
Bei den Dammen huet sech d'Lotte Kopecky no 169 Kilometer am Sprint géint d'Pauline Ferrand-Prévot an d'Liane Lippert duerchgesat. D'Nina Berton koum als eenzeg Lëtzebuergerin op d'Plaz 64 (+ 7:39).
Klassement vun den Hären
1 POGACAR Tadej 5:58:41
2 PEDERSEN Mads 1:01
3 VAN DER POEL Mathieu ''
4 VAN AERT Wout ''
5 STUYVEN Jasper 1:04
6 BENOOT Tiesj 1:51
7 KÜNG Stefan 1:53
8 GANNA Filippo 2:19
9 GIRMAY Biniam ''
10 GARCÍA CORTINA Iván ''
...
100 KLUCKERS Arthur 10:18
109 JUNGELS Bob ''
Klassement vun den Dammen
1 KOPECKY Lotte 4:24:34
2 FERRAND-PRÉVOT Pauline ''
3 LIPPERT Liane ''
4 NIEWIADOMA Katarzyna 0:01
5 (LE COURT) PIENAAR Kimberley 1:13
6 BORGHESI Letizia ''
7 CHABBEY Elise ''
8 VAN DIJK Ellen ''
9 PIETERSE Puck ''
10 REUSSER Marlen''
...
64 BERTON Nina 7:39