Kevin Pezzo wënnt beim Optakt

© Max Bäcker / RTL
Mat 7.300 Meter war et kuerzen Optakt vun der Flèche du Sud, ma mat iwwert 150 Héichtemeter, de Ginzebierg erop, war et fir d’Coureure sécher keng einfach.
Et sollt awer net nëmmen d’Steigung d’Schwieregkeet sinn, och d'Descente iwwert naass Stroossen duerch de Bësch sollt de Coureuren technesch alles ofverlaangen. Duerch de Reen hat een och schonns bei der Organisatioun dru geduecht de Parcours ze verkierzen.
Eng weider schlecht Nouvelle, déi era komm war, war, dass de Pim Ronhaar, Gewënner vun deene leschten zwou Editioune, wéinst enger Verletzung am leschte Moment huet missen ofsoen.
6 Lëtzebuerger ware mat un den Depart gaangen. Dorënner och den Diddelenger Charel Meyers. De Coureur vum VC Schwenheim hat awer Pech mat dem Reen a war deemno als 97. och net zefridde mat senger Zäit. Als beschte Lëtzebuerger ass den Tom Thill als 57. era komm. Dat mat 43 Sekonne Retard op den Italieener Kevin Pezzo, dee sech als Gewënner mat manner wéi enger Sekonn Virsprong virum Martijn Rasenberg aus Holland feiere konnt loossen.
En Donneschdeg geet et dann zu Rëmeleng op den zweeten Dag, wou d’Coureuren 151 Kilometer erwaarden.
1. | K. PEZZO ROSOLA | GEF | 10:30 |
2. | M. RASENBERG | PHV | +0 |
3. | T. DE JONG | VWE | +3 |
4. | L. HUCK | VCR | +6 |
5. | J. HEREMANS | VWE | +7 |
6. | M. KUKRLE | ATT | +8 |
7. | N. BÖGLI | ELI | +8 |
8. | R. VAN DER WAL | DCC | +8 |
9. | G. BORTOLUZZI | GEF | +9 |
10. | A. TENDON | ELI | +9 |
57. | T. THILL | TSN | +43 | |||
97. | C. MEYERS | VCU | +1:15 | |||
99. | P. SCHMIT | TSN | +1:17 | |||
110. | P. BRESER | TSN | +1:28 | |||
114. | T. TABER | TSN | +1:38 | |||
118. | S. SCHMIT | TSN | +2:32 |