Remco Evenepoel decidéiert Zäitfuere fir sech an ass elo a Giel
E Mëttwoch stoung op der 4. Etapp vum Critérium du Dauphiné tëscht Charmes-sur-Rhône a Saint-Péray een Zäitfueren iwwer 17,4 km um Programm.
Den Zäitfuerweltmeeschter Remco Evenepoel huet e Mëttwoch déi 4. Etapp vum Critérium du Dauphiné gewonnen an d'Féierung am General iwwerholl.
De Belsch war am Zäitfueren iwwer 17,4 Kilometer an engem Bierg no enger staarker Leeschtung 21 Sekonne méi séier wéi den Dän Jonas Vingegaard. Mat engem Retard vun 38 Sekonnen ass den US-Amerikaner Matteo Jorgenson den Drëtte ginn. Fir de Sloween Tadej Pogacar war et mat engem Réckstand vun 49 Sekonnen déi véierte Plaz.
Am General huet de Remco Evenepoel eng Avance vu véier Sekonnen op de Florian Lipowitz aus Däitschland. Op der drëtter Plaz läit den Ivan Romeo aus Spuenien. De Spuenier war e Mëttwoch nach a Giel gestart an huet elo e Retard vun néng Sekonnen op den neie Leader.
Fir de Lëtzebuerger Michel Ries war et e Mëttwoch déi 98. Plaz op dräi Minutten an 20 Sekonnen. Am General ass hien de 97. op aacht Minutten an 39 Sekonnen.
Fir d'Formatioun Soudal Quick-Step war et iwwerdeems déi 1.000 Victoire.
D'Klassement vun der Etapp
1 REMCO EVENEPOEL SOUDAL QUICK-STEP 00h 20' 50''
2 JONAS VINGEGAARD TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00h 00' 21''
3 MATTEO JORGENSON TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00h 00' 38''
4 TADEJ POGACAR UAE TEAM EMIRATES XRG + 00h 00' 49''
5 FLORIAN LIPOWITZ RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00h 00' 57''
6 MATHIEU VAN DER POEL ALPECIN-DECEUNINCK + 00h 01' 02''
7 RÉMI CAVAGNA GROUPAMA-FDJ + 00h 01' 07''
8 EDWARD DUNBAR TEAM JAYCO ALULA + 00h 01' 10''
9 TOBIAS SVENDSEN FOSS INEOS GRENADIERS + 00h 01' 10''
10 PAUL SEIXAS DECATHLON AG2R LA MONDIALE TEAM + 00h 01' 12''
...
98 MICHEL RIES ARKEA-B&B HOTELS + 00h 03' 20''
De General
1 REMCO EVENEPOEL SOUDAL QUICK-STEP 14h 31' 08''
2 FLORIAN LIPOWITZ RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00h 00' 04''
3 IVAN ROMEO ABAD MOVISTAR TEAM + 00h 00' 09''
4 MATHIEU VAN DER POEL ALPECIN-DECEUNINCK + 00h 00' 14''
5 JONAS VINGEGAARD TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00h 00' 16''
6 EDWARD DUNBAR TEAM JAYCO ALULA + 00h 00' 30''
7 HAROLD TEJADA XDS ASTANA TEAM + 00h 00' 30''
8 TADEJ POGACAR UAE TEAM EMIRATES XRG + 00h 00' 38''
9 MATTEO JORGENSON TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00h 00' 39''
10 LOUIS BARRE INTERMARCHÉ - WANTY + 00h 01' 03''
...
97 MICHEL RIES ARKEA-B&B HOTELS + 00h 08' 39''