Pogacar stellt seng Dominanz nees ënner Beweis

De Moment vun der Attack vum Tadej Pogacar. De Jonas Vingegaard konnt hei nach drubleiwen. / © AFP
D'Entscheedung ass an der leschter Montée erop op Valmeinier gefall, wéi de Pogacar dem Vingegaard an dem Lipowitz fortgefuer ass.
No 131 Kilometer feiert den Tadej Pogacar seng 98. Dagesvictoire a senger Karriär a confirméiert op en Neits seng gutt Verfassung am Virfeld vum Tour de France. Hie konnt de Jonas Vingegaard an de Florian Lipowitz hannert sech loossen. Mam Col de la Madeleine, dem Col de la Croix de Fer an der Arrivée zu Valmeinier stoungen dräi Bierger hors Catégorie um Menü.
De Romain Bardet war nach 59 Kilometer virun der Arrivée am Lead a goung als Éischten an déi lescht Montée vu 16 Kilometer op Valmeinier erop. Hannendrun hate sech mëttlerweil d'Favoritten aus dem General - Tadej Pogacar, Florian Lipowitz, Jonas Vingegaard - positionéiert a hunn de Fransous no 4 Kilometer schonn agefaangen.
Kuerz drop huet de Pogacar et eleng versicht a konnt de Lipowitz an de Vingegaard séier distanzéieren. De Sloween war déi lescht 12 Kilometer net méi anzehuelen an huet domat seng Dominanz vum Dag virdrun nees ënner Beweis gestallt. De Pogacar huet seng Avance gutt geréiert a konnt ëmmer op eng Acceleratioun vum Vingegaard reagéieren. Op der Arrivée hat de Pogacar eng Avance vu 14 Sekonnen op de Vingegaard an 1'21'' op de Lipowitz.
De Michel Ries hat fréi den Uschloss un de Peloton verluer. Um Enn koum hien als 31. un an hat 13 Minutte Retard. Am General ass de Lëtzebuerger de 37. op 35 Minutten.
Virun der leschter Etapp bleift de Pogacar am Maillot Jaune an huet 61 Sekonnen Avance op de Vingegaard. De Sloween huet mat senger insgesamt drëtter Victoire beim Dauphiné och de grénge Maillot vum Mathieu van der Poel a vum beschte Grimpeur vum Alex Baudin iwwerholl. De Florian Lipowitz bleift beschte Jonken.
E Sonndeg ass déi lescht Etapp vum 77. Critérium du Dauphiné. Hei geet nees an d'Bierger. Den Dauphiné gëllt jo als Generalprouf fir den Tour de France, deen de 5. Juli zu Lille ufänke wäert.
Klassement vun der Etapp
1 POGAČAR Tadej 4:10:00
2 VINGEGAARD Jonas 0:14
3 LIPOWITZ Florian 1:21
4 JOHANNESSEN Tobias Halland 2:26
5 EVENEPOEL Remco 2:39
6 TULETT Ben 3:48
7 MAS Enric ''
8 BUCHMANN Emanuel 3:51
9 RODRÍGUEZ Carlos ''
10 MARTIN Guillaume ''
...
31 RIES Michel 13:28
De General
1 POGAČAR Tadej 25:44:58
2 VINGEGAARD Jonas 1:01
3 LIPOWITZ Florian 2:21
4 EVENEPOEL Remco 4:11
5 JOHANNESSEN Tobias Halland 5:55
6 SEIXAS Paul 6:50
7 JORGENSON Matteo 7:18
8 TULETT Ben 7:24
9 RODRÍGUEZ Carlos 7:41
10 MAS Enric 7:43
...
37 RIES Michel 35:20