Romain Gregoire wënnt déi 1. Etapp

© AFP (Archiv)
De Fransous huet sech virum Kevin Vauqelin an dem Bart Lemmen duerchgesat. Bei den Damme goung d'Schlussvictoire un d'Marlen Reusser.
Déi éischt Etapp vum Tour de Suisse goung iwwer 129, 4 Kilometer ronderëm Küssnacht. De Romain Gregoire huet sech mat enger klenger Avance vun 20 Sekonnen op de Kevin Vauquelin an de Bart Lemmen duerchgesat. De Bob Jungels an de Luc Wirtgen haten e Retard vun iwwer 11 Minutten op de Vainqueur a koumen op de Plazen 80 an 92 un.
Am General ass de Gregoire natierlech och den éischte Leader.
Bei den Damme stoung déi 4. an domadder déi lescht Etapp um Programm. Do gouf et eng Victoire vum Marlen Reusser (Movistar Team). D'Schwäizerin hat eng Avance vun 28 Sekonnen op d'Katarzyna Niewiadoma-Phinney (CANYON//SRAM zondacrypto). Demi Vollering (FDJ-SUEZ) hat op der 3. Plaz och e Retard vun 28 Sekonnen op d'Gewënnerin. Am General konnt sech d'Reusser och duerchsetzen. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Vollering (+ 36 Sekonnen) an d'Niewiadoma-Phinney (+ 1 Minutt a 56 Sekonnen).
D'Klassement vun den Hären (1. Etapp)
1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 2:50:15
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels +0:20
3 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike "
4 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team "
5 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla +1:07
6 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates - XRG "
7 CASTRILLO Pablo Movistar Team "
8 KÄMNA Lennard Lidl - Trek "
9 KEPPLINGER Rainer Bahrain - Victorious "
10 CONCI Nicola XDS Astana Team +1:26
...
80 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers +11:15
92 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team ,,
De General vun den Hären
1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 1 2:50:05
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels +0:24
3 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike +0:26
4 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team "
5 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla +1:17
...
80 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers +11:25
92 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team ,,
De General vun den Dammen
1 Reusser Marlen Movistar Team 13:03:00
2 Vollering Demi FDJ-SUEZ + 36
3 Niewiadoma-Phinney Katarzyna CANYON//SRAM zondacrypto + 01:56
4 Fisher-Black Niamh Lidl-Trek + 03:25
5 Zigart Urska AG Insurance-Soudal Team + 03:25