Aus Lëtzebuerger Siicht sinn den Alex Kirsch an den Arthur Kluckers mat dobäi

© Lidl - Trek
Nieft dem Coureur vu Lidl - Trek steet och den Arthur Kluckers vun Tudor Pro Cycling an der Startlëscht vun der 94. Editioun vum Tour duerch d'Belsch.
Fir den Alex Kirsch gëtt et iwwer de Summer en Alternativ-Programm. Den 33 Joer ale Coureur hätt dës Saison un der Säit vum Mads Pedersen solle beim Giro d'Italia dobäi sinn. Opgrond vu gesondheetleche Problemer hat dat awer net geklappt. Den Tour de France war vun Ufank u fir d'Saison 2025 net am Programm. Den Tour duerch d'Belsch, deen e Mëttwoch ugeet a bis e Sonndeg dauert, war de Kirsch fir d'lescht 2022 gefuer.
Den Tour duerch d'Belsch bitt d'Méiglechkeet, zesumme mat der Ekipp gutt Resultater ze maachen. Dono ass de Fokus um nationale Championnat. D'Zäitfueren ass d'nächst Woch en Donneschdeg programméiert, den neie Champion an der Stroossecourse vun de Profie gëtt nächste Sonndeg gesicht.
De Kontrakt vum Alex Kirsch mat Lidl - Trek leeft 2025 aus. Wéi den zweeten Deel vun der Saison ausgesäit, dat gëtt de Profi, deen zanter 2019 fir déi amerikanesch Ekipp fiert, an den nächste Woche gewuer.