De Spëtzegrupp mat dräi Coureure war annerhallwe Kilometer virun der Arrivée agefaange sinn, sou datt d'Decisioun am Massesprint gefall ass.

E Freideg huet sech op der 6. Etapp vum Tour de Suisse den Jordi Meeus d'Victoire geséchert. Op der Arrivée zu Neuhausen am Rheinfall hat de Belsch no 186,7 Kilometer nach déi meescht Kraaft an de Been a behaapt sech am Sprint virum Davide Ballerini an dem Lewis Askey. De Bob Jungels ass zesumme mam Peloton als 25. ukomm. Fir de Luc Wirtgen stoung um Enn déi 96. Plaz mat engem Retard vun 53 Sekonnen.

Am General bleift domat ënner anerem an der Top-10 en onverännert Bild, dat mam Kévin Vauquelin un der Spëtzt mat 29 Sekonnen Ecart op de Julian Alaphilippe an 39 Sekonnen op de Joao Almeida. De Bob Jungels an de Luc Wirtgen stinn hei op de Plaze 50 an 91.

Resumé

Zimmlech séier nom Depart zu Chur hat sech e Grupp vu véier Coureuren vum Peloton ofgesat. Do dra waren den Harry Sweeny, Stefan Küng, Romain Grégoire an de Mauro Schmid. Trotz enger Rei Attacken hannendru krute si hire Virsprong gehalen an am Verlaf souguer op iwwer dräi Minutten ausgebaut. Den héijen Tempo vum Spëtzegrupp konnt de Romain Grégoire net bis zum Schluss mathalen, sou datt de Fransous ronn 40 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton agefaange gouf. Fir den Trio un der Spëtzt war den Ecart ëmmer méi kleng ginn an an der leschter kuerzer Montée goufe si dann annerhallwe Kilometer virun der Arrivée awer nach agefaangen. D'Decisioun ass also am Massesprint gefall, wou sech den Jordi Meeus duerchsetze konnt.

D'Klassement vun der 6. Etapp

1. MEEUS Jordi 4:10:24
2. BALLERINI Davide ,,
3. ASKEY Lewis ,,
4. MIKHELS Madis ,,
5. BURATTI Nicolo ,,
6. VAN POPPEL Danny ,,
7. BITTNER Pavel ,,
8. LAPEIRA Paul ,,
9. MAYRHOFER Marius ,,
10. OLDANI Stefano ,,

25. JUNGELS Bob ,,

96. WIRTGEN Luc 0:53

De General 

1. VAUQUELIN Kevin 24:22:34
2. ALAPHILIPPE Julian 0:29
3. ALMEIDA Joao 0:39
4. ONLEY Oscar 1:21
5. KÄMNA Lennard 1:44
6. O'CONNOR Ben 2:16
7. GALL Felix 2:20
8. CASTRILLO Pablo 2:40
9. RICCITELLO Matthew 3:08
10. VAN WILDER Ilan 3:17

50. JUNGELS Bob 42:44

91. WIRTGEN Luc 1:05:57