E Freideg war et op der drëtter Etapp vun der Route d'Occitanie iwwer 173.9 Kilometer vu Pujaudran op Luz-Ardiden gaangen.

No zwou laange Montéeë vun der éischter Kategorie op de Col du Tourmalet an de Luz Ardiden konnt sech den Nicolas Prodhomme mat engem relativ komfortabelen Ecart eleng un der Spëtzt d'Victoire vum Dag sécheren. De Fransous hat um Enn e Virsprong vun 1:53 Minutt op den Davide Piganzoli an 2:26 Minutten op de Steff Cras.

De Kevin Geniets ass mat engem Retard vu 14:35 Minutten den 38. ginn an de Mats Wenzel no 28:07 Minutten den 78..

Am General ass den Nicolas Prodhomme duerch säin Effort och neie Leader, dat mat engem Virsprong vun 2:07 Minutten op den Davide Piganzoli an 2:27 Minutten op de Steff Cras. Béid Lëtzebuerger Kevin Geniets a Mats Wenzel stinn hei op de Plaze 36 a 75.

D'Klassement vun der 3. Etapp

1. PRODHOMME Nicolas 4:46:23
2. PIGANZOLI Davide 1:53
3. CRAS Steff 2:26
4. CASTELLON Jan 2:38
5. MARTIN Alex 3:48
6. EIKING Odd Christian 4:07
7. JOALLAND Yaël 4:11
8. HERRADA Jesus 4:13
9. FAURA José Luis 4:24
10. RUIZ Ibon 5:02

38. GENIETS Kevin 14:35

78. WENZEL Mats 28:07

De General

1. PRODHOMME Nicolas 9:33:21
2. PIGANZOLI Davide 2:07
3. CRAS Steff 2:27
4. CASTELLON Jan 3:07
5. HERRADA Jesus 4:17
6. MARTIN Alex 4:32
7. JOALLAND Yaël 4:47
8. EIKING Odd Christian 4:58
9. FAURA José Luis 5:11
10. RUIZ Ibon 5:13

36. GENIETS Kevin 15:15

75. WENZEL Mats 28:36