Schlussvictoire fir den Nicolas Prodhomme, Thibaud Gruel wënnt d'Etapp

© AFP
Op der leschter Etapp ass et fir d'Coureuren iwwer 128,5 Kilometer vu Saint-Gaudens op Saint-Girons gaangen.
Hei hat den Thibaud Gruel um Enn nach déi meeschte Kraaft an de Been, soudass hie sech am Massesprint duerchsetze konnt. De Fransous huet sech virum Italiener Andrea Vendrame a sengem Landsmann Cyril Barthe behaapt.
De Mats Wenzel huet sech zäitgläich mam Vainqueur als 26. klasséiert, de Kevin Geniets ass mat engem Retard vun 10 Sekonnen op déi 43. Plaz gefuer.
Am General gouf et un der Spëtzt keng Ännerunge méi. Den Nicolas Prodhomme aus Frankräich huet seng Avance vu ronn 2 Minutte verdeedegt a gewënnt domat déi 48. Editioun vun der Route d'Occitanie. D'Plazen 2 an 3 ginn un den Italiener Davide Piganzoli (1:57) an de Belsch Steff Cras (2:17).
Hei klasséiert de Kevin Geniets sech als 26., wärend de Mats Wenzel et op déi 47. Plaz gepackt huet.
D'Klassement vun der Etapp
1 GRUEL Thibaud Groupama - FDJ 3:18:33
2 VENDRAME Andrea Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
3 BARTHE Cyril Groupama - FDJ ,,
4 DONNENWIRTH Tom Groupama - FDJ ,,
5 GUGLIELMI Simon Arkéa - B&B Hotels ,,
6 VAN NIEKERK Morné St Michel - Preference Home - Auber93 ,,
7 COBO Iván Equipo Kern Pharma ,,
8 BOU Joan Caja Rural - Seguros RGA ,,
9 CAPRON Rémi Van Rysel Roubaix ,,
10 DELACROIX Théo St Michel - Preference Home - Auber93 ,,
...
26 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma ,,
43 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:10
De General
1. PRODHOMME Nicolas Decathlon AG2R La Mondiale Team 12:52:04
2. PIGANZOLI Davide Team Polti VisitMalta 1:57
3. CRAS Steff Team TotalEnergies 2:17
4. CASTELLON Jan Caja Rural - Seguros RGA 2:57
5. HERRADA Jesus Cofidis 4:07
6. MARTIN Alex Team Polti VisitMalta 4:22
7. JOALLAND Yaël CIC - U - Nantes 4:37
8. EIKING Odd Christian Unibet Tietema Rockets 4:48
9. RUIZ Ibon Equipo Kern Pharma 5:00
10. FAURA José Luis Burgos Burpellet BH 5:01
...
26. GENIETS Kevin Groupama - FDJ 15:15
47. WENZEL Mats Equipo Kern Pharma 28:26