Etappevictoire fir de Joao Almeida, Kévin Vauquelin bleift Leader am General

© AFP
Op der virleschter Etapp stoungen e Samschdeg ronn 207 Kilometer tëscht Neuhausen am Rheinfall an Emmetten um Programm.
No enger spannender Schlussmontée konnt de Joao Almeida sech um Enn d'Victoire virum Oscar Onley an dem Kévin Vauquelin sécheren, déi awer allebéid an der selwechter Zäit ukomm sinn.
Am General iwwerhëlt den Almeida mat dëser Victoire déi 2. Plaz, well de Julian Alaphilippe e puer Sekonne verluer huet an elo just nach 3. ass. De Kévin Vauquelin bleift weiderhi mat enger Avance vun enger hallwer Minutt am Maillot Jaune.
De Bob Jungels ass mat engem Retard vun 3:52 Minutten op déi 23. Plaz gefuer, woumat hien am General e Sprong no uewen op Rang 37 mécht. De Luc Wirtgen ass als 122. iwwer d'Zillinn gefuer (31:07). Hie fält domat am General op déi 104. Plaz zréck.
Knapp 20 Kilometer viru Schluss huet de Favorittegrupp mam Maillot Jaune Vauquelin d'Féierung vun der Course iwwerholl. An der Schlussmontée bis op Emmetten waren nach de Vauquelin, de Julian Alaphilippe, de Joao Almeida, den Oscar Onley an de Felix Gall an deem Grupp dobäi. E puer honnert Meter virun der Zillinn huet de Maillot Jaune attackéiert, den Almeida an den Onley konnten awer nach esou just laanschtfueren.
Zum Ofschloss vum Tour steet e Sonndeg nach en Eenzelzäitfueren um Programm.
D'Klassement vun der Etapp
1 ALMEIDA Joao UAE Team Emirates - XRG 4:38:25
2 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL ,,
3 VAUQUELIN Kevin Arkéa - B&B Hotels ,,
4 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:04
5 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team 0:08
6 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates - XRG 1:07
7 BLACKMORE Joseph Israel - Premier Tech 1:09
8 VAN WILDER Ilan Soudal Quick-Step ,,
9 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team ,,
10 KÄMNA Lennard Lidl - Trek 1:11
...
23 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 3:52
122 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 31:07
De General
1 VAUQUELIN Kevin Arkéa - B&B Hotels 29:00:55
2 ALMEIDA Joao UAE Team Emirates - XRG 0:33
3 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team 0:41
4 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL1:19
5 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:28
6 KÄMNA Lennard Lidl - Trek 2:59
7 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla 3:34
8 CASTRILLO Pablo Movistar Team 4:27
9 VAN WILDER Ilan Soudal Quick-Step 4:30
10 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 6:07
...
37 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 46:40
104 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 1:37:08