Joao Almeida wënnt Schlussklassement no Victoire am Zäitfueren

© AFP
E Sonndeg stoung fir den Ofschloss vum Tour de Suisse een Zäitfueren vun 10 Kilometer vu Beckenried erop op Stockhütte um Programm.
Mat engem Chrono vu 27:03 Minutte konnt sech hei de Joao Almeida aus Portugal duerchsetzen, dee sech domadder och d'Victoire am Schlussklassement séchere konnt.
25 Sekonne méi laang hat den Éisträicher Felix Gall gebraucht an Drëtten ass den Oscar Onley mat engem Retard vun 1:12 Minutt ginn.
De Bob Jungels ass mat engem Réckstand vun 3:01 Minutt den 28. ginn, am General steet hien um Enn op der 37. Plaz.
Fir de Luc Wirtgen war et fir den Ofschloss déi 117. Plaz mat engem Ecart vu 7:47 Minutte ginn, am General spréngt um Enn déi 104. Plaz eraus.
D'Klassement vun der 8. Etapp
1. ALMEIDA Joao 0:27:33
2. GALL Felix 0:25
3. ONLEY Oscar 1:12
4. VAUQUELIN Kevin 1:40
5. SWEENY Harry 1:54
6. VLASOV Aleksandr 2:04
7. O'CONNOR Ben 2:07
8. BARTA Will 2:13
9. PICKERING Finlay 2:14
10. VAN WILDER Ilan 2:19
28. JUNGELS Bob 3:01
116. WIRTGEN Luc 7:47
De General
1. ALMEIDA Joao 29:29:01
2. VAUQUELIN Kevin 1:07
3. ONLEY Oscar 1:58
4. GALL Felix 2:20
5. ALAPHILIPPE Julian 3:57
6. KÄMNA Lennard 4:52
7. O'CONNOR Ben 5:08
8. VAN WILDER Ilan 6:16
9. CASTRILLO Pablo 6:41
10. CHAMPOUSSIN Clément 8:30
37. JUNGELS Bob 49:08
104. WIRTGEN Luc 1:44:22