De Belsch hat sech an der leschter Montée de Montmartre erop ofgesat an d'Féierung bis op d'Arrivée gerett. De Pogacar war och dës Kéier vir mat bäi.

Déi lescht Etapp vum Tour de France 2025 iwwer 132 Kilometer vu Mantes-la-Ville op d'Champs-Elysées zu Paräis war nach eng Kéier e Kraaftakt fir d'Coureuren: dräi Mol goung et d'Côte de la butte Montmartre erop. Um Enn huet de Wout Van Aert seng 10. Victoire beim Tour de France gefeiert.

De Mann a Giel Tadej Pogacar huet och op der leschter Etapp nach emol alles ginn an huet probéiert, fir nach eng Etappevictoire ze feieren. Um Enn ass hien e Sonndeg de Véierte ginn a gewënnt fir d'véierte Kéier den Tour de France. De Sloween dierf sech nieft dem Giele Maillot och iwwer den Trikot vum beschte Grimpeur freeën a war och am Sprintklassement als Zweete vir mat bäi.

Iwwer déi zweete Plaz am General dierf sech de Jonas Vingegaard freeën. De Florian Lipowitz gëtt als Gesamtdrëtte beschte Jonken. De Biniam Girmay ka säi Maillot Vert aus dem leschte Joer net verdeedegen a muss dem Jonathan Milan de Virtrëtt loossen.

Tour de France: 21. Etapp (Resumé)
Tadej Pogacar feiert véiert Schlussvictoire, Wout van Aert wënnt lescht Etapp.

De Resumé vun der Etapp

Bei der éischter Montée d'Côte de la butte erop gouf de Peloton scho gesprengt an de Maillot Vert an de Maillot Blanc hu mussen ofräisse loossen. Duerno huet den Himmel iwwer Paräis d'Schleisen opgemaach an de Circuit gouf richteg rutscheg a geféierlech. Eng Chute blouf awer aus.

Bei der zweeter Montée de Montmartre erop huet den Tadej Pogacar acceleréiert an de Peloton eng weider Kéier ausernee gezunn, sou dass sech eng Grupp vu sechs Coureure forméiert huet: Pogacar, Matteo Jorgenson, Wout van Aert, Matej Mohoric, Matteo Trentin an Davide Ballerini. Dës Grupp ass eng Avance vun 20 Sekonnen op d'Verfollger erausgefuer a goung och als éischt an déi lescht Montée. Do huet de Wout Van Aert attackéiert a souguer den Tadej Pogacar stoe gelooss. De Sloween konnt net nogoen an de Belsch konnt eng wichteg a grouss Avance erausfueren, déi bis op d'Arrivée gehalen huet. Am Sprint ëm Plaz 2 huet sech den Davide Ballerini virum Matej Mohoric duerchgesat. Den Tadej Pogacar gouf de Véierten an de Matteo Jorgenson de Fënneften.

Tour de France: 21. Etapp (Replay)
Tadej Pogacar feiert véiert Schlussvictoire, Wout van Aert wënnt lescht Etapp en solitaire.

D'Klassementer vun der Etapp an de General