Op der sechster Etapp vu Bellaria-Igea Marina op Terre Roveresche iwwer 145 Kilometer gouf et um Enn en Zweeër-Sprint ëm d'Victoire vum Dag.

Déi fréier däitsch Championne Liane Lippert konnt sech e Freideg op der 6. Etapp vum Giro d'Italia behaapten an hir éischt Victoire vun der Saison feieren. Si hat eng Avance vun zwou Sekonnen op d‘Hollännerin Pauliena Rooijakkers, a 46 Sekonnen op déi aner Hollännerin Shirin van Shirin Anrooij. D‘Lëtzebuergerin Nina Berton klasséiert sech mat engem Retard vun iwwer 13 Minutten als 40.
 
Et bleiwen nach zwou Etappen ze fueren. Am General féiert nach ëmmer d‘Marlen Reusser aus der Schwäiz. D‘Nina Berton ass op der 57. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 Lippert Liane  Movistar Team 3:53:01
2 Rooijakkers Pauliena  Fenix-Deceuninck 0:02
3 van Anrooij Shirin  Lidl - Trek 0:46
4 Smulders Silke  Liv AlUla Jayco 1:05
5 Nooijen Lieke  Team Visma | Lease a Bike 1:16
6 Van Dam Sarah  CERATIZIT Pro Cycling Team 1:24
7 Labous Juliette  FDJ - SUEZ ,,
8 Aalerud Katrine  Uno-X Mobility ,,
9 Longo Borghini Elisa  UAE Team ADQ ,,
10 Malcotti Barbara  Human Powered Health ,,
...
40 Berton Nina EF Education-Oatly 13:40

De General

1 Reusser Marlen  Movistar Team 16:11:39
2 Longo Borghini Elisa  UAE Team ADQ 0:16
3 van der Breggen Anna  Team SD Worx - Protime 1:53
4 Rooijakkers Pauliena  Fenix-Deceuninck 2:02
5 Aalerud Katrine  Uno-X Mobility 2:07
6 Gigante Sarah  AG Insurance - Soudal Team 2:16
7 Niedermaier Antonia  CANYON//SRAM zondacrypto 2:45
8 Kastelijn Yara Fenix-Deceuninck 3:36
9 Holmgren Isabella Lidl - Trek 3:39
10 Žigart Urška AG Insurance - Soudal Team 3:50
...
57 Berton Nina EF Education-Oatly 35:19