En Donneschdeg den Owend war den "Dizzy" gestart an e Samschdeg de Moien ass hien no ronn 1.000 km a ronn 13.500 Héichtemeter als Éischten ukomm.

E Samschdeg de Moien huet de Ralph Diseviscourt no 2015 an 2018 fir d'drëtte Kéier d'Tortour an der Schwäiz gewonnen. Den Dizzy huet fir déi ronn 1.000 Meter an 13.500 Héichtemeter 39 Stonnen, 38 Minutten an 10 Sekonne gebraucht.

Begleet gouf de Ralph Diseviscourt bei der Course an der Schwäiz vun enger Crew. Si hunn him de Ravi gemaach an och fir den néidegen technesche Support gesuergt.