Jonathan Milan wënnt Sprint zu Laval
No 171,4 Kilometer feiert de Coureur vu Lidl-Trek seng éischt Victoire bei dësem Tour. Den Tadej Pogacar bleift am Maillot Jaune.
Wéi et predestinéiert war, ass d'Decisioun am Sprint gefall. De Jonathan Milan gewënnt déi flaach aacht Etapp vu Saint-Méen-le-Grand op Laval kloer virum Wout van Aert an dem Kaden Groves. De Biriam Girmay hat am Sprint Schwieregkeeten a koum net ënner déi bescht Zéng. Den Tim Merlier hat zum denkbar schlechtste Moment e Platten a konnt net an de Schlusssprint agräifen. Et ass déi éischt Etappevictoire fir en Italieener zënter dem Vincenzo Nibali am Joer 2018.
Den Tadej Pogacar koum no 171,4 Kilometer als 42. un a bleift domat am Maillot Jaune, muss den Trikot vum beschte Sprinter awer un de Milan ofginn. Am Generalklassement huet sech näischt geännert. De Sloween huet weider 54 Sekonne Virsprong op de Remco Evenepoel an 1'11'' op de Kévin Vauquelin.
82 Kilometer virun der Arrivée hate sech mam Mathieu Burgaudeau a Mattéo Vercher zwee Fransousen duerch d'Bascht gemaach, si goufen 9 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton agefaangen. Duerno war den Tempo immens héich an de Sprint gouf eréischt op de leschte Meter virum Zil lancéiert. Do hat de Milan déi séierst Been a krut weider Punkte fir den Trikot vum beschte Sprinter.
Bei der Sprintwäertung zu Vitré hat sech de Milan schonn 20 Punkte geséchert. Hannendru koumen den Tim Merlier (17), den Anthony Turgis (15) an de Biniam Girmay (13).
D'Klassementer vun der Etapp an de General