Sarah Gigante gewënnt Kinneksetapp en solitaire

© AFP (Archiv)
D'Australierin hat eng kloer Avance op d'Elisa Longo Borghini an och op de Maglia Rosa vun der Marlen Reusser. D'Nina Berton koum op Plaz 57.
Op der Kinneksetapp vu Fermignano op Monte Nerone gouf et eng Victoire vun der Sarah Gigante. Bei der Arrivée uewen zu Monte Nerone hat si eng Avance vu 45 Sekonnen op d'Elisa Longo Borghini. Plaz 3 war fir d'Isabella Holmgren, d'Leaderin am General Marlen Reusser gouf déi Véiert. D'Nina Berton koum no 150 Kilometer als 57. mat 21'28'' Réckstand op d'Gewënnerin un.
D'Gigante konnt an der laanger géier Montée op Monte Nerone erop op de leschten 3 Kilometer laanscht d'Elisa Longo Borghini zéien a sech eng souverän Avance erausfueren. D'Longo Borghini hat et virdrun op eege Fauscht versicht, mee hat net genuch Kraaft, fir den Tempo vun der Australierin matzegoen. D'Italieenerin dierf sech virun der leschter Etapp e Sonndeg awer iwwer de Maglia Rosa freeën. Si huet dee vun der Marlen Reusser iwwerholl, well d'Schwäizerin als Véiert 1'17'' Retard op d'Gewënnerin an 32 Sekonne Retard op d'Longo Borghini hat.
Virun der leschter Etapp huet d'Longo Borghini 22 Sekonne Virsprong op d'Marlen Reusser an 1'11'' op d'Sarah Gigante. D'Nina Berton läit am General op Plaz 56. Déi lescht Etapp féiert e Sonndeg iwwer 134 Kilometer vu Forli op Imola, wou een och iwwer de Formel1-Circuit fuere wäert.
Klassement vun der Etapp
1 Gigante Sarah 4:44:14
2 Longo Borghini Elisa 0:45
3 Holmgren Isabella 1:14
4 Reusser Marlen 1:17
5 Niedermaier Antonia ''
...
57 Berton Nina 21:28
De General
1 Longo Borghini Elisa 20:56:48
2 Reusser Marlen 0:22
3 Gigante Sarah 1:11
4 Rooijakkers Pauliena 2:55
5 Niedermaier Antonia 3:07
...
56 Berton Nina 55:52