Déi 11. Etapp huet iwwer 156,8km vun Toulouse zeréck op Toulouse gefouert. E Norweger gewënnt, ronn 6km virun der Arrivée ass den Tadej Pogacar gefall.

Op der 11. Etapp vum Tour de France gouf et e Mëttwoch no wallonnéierten 156,8 Kilometer eng Victoire aus der Echappée eraus vum Jonas Abrahamsen. Den Norweger konnt sech am Photo-Finish virum Schwäizer Mauro Schmid behaapten. De Mathieu van der Poel gouf den Drëtten op siwe Sekonnen.

De Weltmeeschter Tadej Pogacar ass ronn 6 Kilometer virun der Arrivée gefall, konnt awer weiderfueren. Um Enn ass de Slowen zäitgläich mam Maillot Jaune Ben Healy, dem Remco Evenepoel an dem Jonas Vingegaard iwwer d’Arrivée gefuer. De Spëtzegrupp hat ee Retard vun 3 Minutten an 28 Sekonnen op de Vainqueur Jonas Abrahamsen. Am General bleift alles onverännert.

Tour de France: 11. Etapp (Resumé)
Abrahamsen gewënnt aus Echappée eraus, Pogacar kuerz virum Zil gefall.

Vum Depart ewech koum et zu Attacken aus dem Feld, a laang gouf et keng wierklech Rou. Vun der éischter Echappée konnten um Enn just de Mauro Schmid an de Jonas Abrahamsen bis zum Schluss ëm d'Dagesvictoire matfueren. An enger éischter Verfolgergrupp hate sech de Wout van Aert an de Mathieu van der Poel, zesumme mat ënnert anerem dem amerikanesche Champion Quinn Simmons ageriicht, an hu mat engem Retard vu ronn 20 Sekonnen op déi gutt Affär vum Dag gehofft.

Ronn 15 Kilometer viru Schluss gouf an der zweetleschter Montée a béide Spëtzegruppen attackéiert. Schmid an Abrahamsen konnte sech dee Moment vum Grupp vun de Leaderen ofsetzen. Néng Kilometer viru Schluss huet nach d'Côte Pech David gewaart. Just ronn 800m laang, dofir awer an der Moyenne gutt 14% géi. An där Montée huet de Mathieu van der Poel am Grupp vun de Verfolger acceleréiert, a war uewen op der Kopp dunn eleng den éischte Poursuivant vum Duo un der Spëtzt. De Peloton war mat gutt dräi Minutte Réckstand an déi Montée gaangen, an där de Jonas Vingegaard uewenaus eng kleng Attack versicht hat, déi awer direkt gekontert gouf.

Um Wee erof op d'Arrivée ass dunn de grousse Favorit op d'Gesamtvictoire Tadej Pogacar zu Fall komm, wéi den Tobias Halland Johannessen virun him d'Stroossesäit wiessele wollt an dobäi ze enk dem Weltmeeschter seng Trajectoire gekräizt hat. Wéi et ausgesäit, ass dem Slowen awer weider näischt passéiert. Seng Teamkolleegen hunn hien erëm un de Peloton erugefuer, deen op hie gewaart huet.

Un der Spëtzt war aus dem Duell tëscht Abrahamsen a Schmid nach bal en Dräikampf ginn, wéi de van der Poel Sekonn ëm Sekonn méi no koum. Um Enn sollt hien awer net méi ëm d'Victoire kënne matsprinten. 

11. Etapp vum Tour de France (leschte Kilometer)
Jonas Abrahamsen gewënnt aus der Echappée eraus

En Donneschdeg steet dann déi éischt schwéier Biergetapp op Hautacam um Programm.

D'Klassementer vun der Etapp an de General