Arensman wënnt zu La Plagne, Pogacar hält Konkurrenten op Distanz
En Donneschdeg den Owend koum d'Nouvellen, datt déi 19. Etapp verkierzt géif ginn. Si goung nach iwwer 91 Kilometer vum Albertville op La Plagne.
Op der leschter Biergetapp vun dësem Tour de France gouf et ee Succès fir den Thymen Arensman. Den Hollänner wënnt knapps virum Jonas Vingegaard. Leader am General bleift den Tadej Pogacar, deen op der 19. Etapp den 3. gouf.
De Resumé vun der Etapp
U sech sollt d’Etapp 129,9 Kilometer laang sinn, ma op Grond vun engem Virus, dee bei Ranner an der Regioun entdeckt ginn ass, ass d‘Etapp verkierzt ginn an de Col des Saisies gouf net gefuer. An awer waren déi 93 Kilometer alles anescht wéi einfach.
12 Kilometer nom Depart, stoung den eenzegen Tëschesprint vum Dag um Programm. An deem huet sech, genee wéi schonns en Donneschdeg, de Jonathan Milan behaapt. Virdrun hate seng Equipieren vu LIDL-TREK am Peloton dofir gesuergt, datt sech keng Echappée konnt ofsetzen. Wann den Italiener e Sonndeg zu Paräis ukënnt, dann huet hie sech de Maillot Vert vum beschte Sprinter geséchert.
No deem Sprint, ass et direkt an de Col du Pré gaangen, enger Montée "Hors Catégorie". Vun Ufank u goufen et hei Attacken aus dem Peloton eraus. Et huet awer eng Partie Kilometer gedauert, bis eng Echappée sech konnt forméieren. Mam Primoz Roglic, de 5. am General, dem Lenny Martinez, dem Bruno Armirail an dem Einer Rubio hunn awer véier Coureuren et fäerdegbruecht, eng kleng Avance op de Peloton erauszefueren. De Grupp ass awer net laang zesumme bliwwen. De Roglic an de Martinez konnte sech nämlech ofsetzen. De Gewënner vum Mont Ventoux Valentin Paret-Peintre ass 1 Kilometer virum Sommet bei déi zwee bäigefuer. Uewen um Col des Pré haten déi 3 eng Avance vun enger knapper Minutt op de Peloton mam Maillot Jaune Tadej Pogacar. Intercaléiert war nach ee Grupp vu 4 Leit.
No enger kuerzer Descente ass et op de Cormet de Roselend (2. Kategorie) eropgaangen. Roglic, Paret-Peintre a Martinez hu gutt zesummegeschafft an haten uewen op 1.968 Meter, eng Avance vu 45 Sekonnen op de Grupp Maillot Jaune. Fir d'Coureure stoung duerno eng ronn 30 Kilometer laang Descente um Programm. Hei goufen am Reen noeneen Martinez, Paret-Peintre a Roglic vum Peloton Maillot Jaune gestallt.
D'Vitess am Spëtzegrupp war op den éischte Kilometer vun der Schlussmontée erop La Plagne (Hors Catégorie) extrem héich. Dofir hunn dem Pogacar seng Leit vun UAE gesuergt an och DECATHLON AG2R vum Felix Gall. Kilometer fir Kilometer, ass de Grupp méi kleng ginn. 14 Kilometer virun der Arrivée, huet de Pogacar attackéiert a just de Vingegaard an den Thymen Arensman konnte säi Rad halen. Den Arensman huet attackéiert. Pogacar a Vingegaard hunn den Hollänner och fuere gelooss an hunn Tempo erausgeholl. Esou konnten ënnert anerem de Florian Lipowitz an den Oscar Onley, déi fir déi 3. Platz am General gefuer sinn, nees opschléissen. 7 Kilometer virum wäisse Stréch huet de Pogacar nees acceleréiert. Vingegaard, Lipowitz an Onley konnten nosetzen. 2 Kilometer virun der Arrivée, huet de Onley am Grupp Maillot Jaune lassgelooss a parallel huet de Lipowitz attackéiert.
D'Avance vum Arensman ass duerch dës Attack ëmmer méi kleng ginn, ma den Hollänner konnt e puer Sekonne virun de Spëtzefuerer aus dem General iwwert d'Linn fueren. Den Arensman gewënnt seng zweet Etapp vun dësem Tour knapp virum Vingegaard, dem Pogacar an dem Lipowitz.
Am General huet de Tadej Pogacar elo eng Avance vu 4 Minutten a 24 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. Drëtten ass de Florian Lipowitz op iwwer 11 Minutten. Dat dierft dann och de Podium zu Paräis sinn.
Um Samschdeg steet eng wallonéiert Etapp um Programm. Et geet iwwer 184 Kilometer vun Nantua op Pontarlier. Et ass déi zweetleschten Etapp vun der 112. Editioun vum Tour de France.
D'Klassementer vun der Etapp an de General