Pauline Ferrand Prévot wënnt um Col de la Madeleine

© AFP
D'Franséisin gewënnt kloer virun der Sarah Gigante an der Niamh Fisher-Black. Si iwwerhëlt virun der leschter Etapp och de Maillot Jaune.
Op der 8. Etapp goung et iwwer 112 Kilometer duerch d'Alpe vu Chambéry op Saint-François Longchamp. D'Pauline Ferrand Prévot huet an der laanger Montée op de Col de la Madeleine attackéiert an hir Konkurrentinne kloer distanzéiert. D'Franséisin hat op der Arrivée eng Avance vun 1'45'' op d'Sarah Gigante a souguer 2'15'' op d'Niamh Fisher-Black.
D'Ferrand Prévot iwwerhëlt virun der leschter Etapp e Sonndeg och de Giele Maillot vum Kimberley Le Court Pienaar, déi als 17. iwwer 9 Minutte Retard hat. D'Sarah Gigante huet e Réckstand vun 2'37'' an d'Demi Vollering läit mat 3'18'' Réckstand op Plaz 3.

© AFP
Op dëser Etapp war jeeweils ee Bierg vun der zweeter Kategorie, der éischter Kategorie a mat der Schlussmontée an der Hors Catégorie.
Laang Zäit gouf d'Course vun enger Echappée ugeféiert, an där sech d'Elise Chabbey an d'Maéva Squiban befonnt hunn. Béid wollte Punkte fir de Biergtrikot sammelen an hunn dat och an den éischten zwee Bierger gemaach. D'Schwäizerin Chabbey läit elo mat 44 Punkten un der Spëtzt an dësem Klassement, d'Maéva Squiban huet 28 Punkten.
D'Echappée gouf um Fouss vum Col de la Madeleine agefaangen an op der 19 Kilometer laanger Montée huet sech eng ofwiesslungsräich Course entwéckelt. Véier Fuererinnen, d'Évita Muzic, d'Niamh Fisher-Black an d'Yara Kasteijn louchen un der Spëtzt, goufen awer vun der Ferrand Prévot an der Gigante agefaangen. Siwe Kilometer virun der Arrivée huet d'Franséisin acceleréiert an hir Konkurrentinne stoe gelooss. D'Gigante huet versicht, drunzebleiwen, mee dat sollt hir net geléngen. Der Ferrand Prévot war hir éischt Victoire bei dësem Tour de France net méi ze huelen.
Klassement vun der Etapp
1 Ferrand-Prévot Pauline 3:47:24
2 Gigante Sarah 1:45
3 Fisher-Black Niamh 2:15
4 Vollering Demi 3:03
5 Kastelijn Yara ''
6 Kerbaol Cédrine 3:18
7 Włodarczyk Dominika 3:22
8 Niewiadoma Katarzyna 3:26
9 Rooijakkers Pauliena 3:38
10 Bunel Marion 4:31
De General
1 Ferrand-Prévot Pauline 26:16:11
2 Gigante Sarah 2:37
3 Vollering Demi 3:18
4 Niewiadoma Katarzyna 3:40
5 Kerbaol Cédrine 4:11