D'Lëtzebuerger Geniets, Kirsch a Ries si mat um Depart

© Roland Miny
Déi eenzeg Course am Benelux op UCI WorldTour-Niveau feiert hiren 20. Anniversaire a féiert iwwer 5 Etappen duerch d'Belsch an Holland.
Déi éischt Etapp geet duerch Holland - gefuer gëtt vun Terneuzen op Breskens. Eng flaach Etapp, an där Borduren duerchaus méiglech sinn. En Donneschdeg geet et iwwer d'Grenz an d'Belsch, wou de Parcours vu Blankenberge op Aardoie féiert, um Enn dierft et eng Affär fir d'Sprinter ginn. D'Kinneksetapp gëtt um Freideg gefuer. Do geet et an déi flämesch Ardennen, mat Arrivée zu Grammont, wou zweemol de bekannte Mur ze bewältegen ass. E Samschdeg geet et iwwer vill kleng Koppen duerch d'Regioun Limburg, mat Depart zu Riemst an Arrivée zu Blizen-Hoeselt. Den Ofschloss mécht e Sonndeg d'Etapp, déi vu Louvain op Louvain féiert.
3 Lëtzebuerger hoffen op e gutt Resultat
Um Depart ass de Mathieu van der Poel, deen nom Tour de France seng éischt Course fiert. Grousse Favorit dierft awer de belsche Champion Tim Wellens sinn, dee fir déi drëtte Kéier hannerteneen dësen Tour gewanne wëllt. Mam Slowen Matej Mohoric ass e weidere fréiere Gewënner dobäi. Gutt Resultater erhoffe sech och Leit wéi Jasper Stuyven, Thibau Nys, Arnaud De Lie oder Biniam Girmay. Ënnert de Starter um Renewi Tour si mam Kevin Geniets (Groupama-FDJ), Alex Kirsch (Lidl-Trek) a Michel Ries (Arkéa-B&B Hotels) och 3 Lëtzebuerger.