De véierfachen Tour-de-France-Gewënner Chris Froome koum no enger uerger Chute wärend sengem Training un der Cote d'Azur an e Spidol.

Wéi d'Ekipp Israel-Premier Tech en Donneschdeg matdeelt, gouf de 40 Joer ale Britt mat engem Helikopter an e Spidol zu Toulon bruecht. Hie wier bei Bewosstsinn an déi ganz Zäit uspriechbar gewiescht.

Wéi um Instagram-Profil vum Coureur ze liesen ass, wier keng Kappblessur festgestallt ginn, ma hien hätt e Pneumothorax, fënnef gebrache Rëpper an e Broch un engem Réckewirbel. En Donneschdeg am Nomëtteg soll de Chris Froome zu Toulon operéiert ginn.

D'Ekipp Israel-Premier Tech preziséiert iwwerdeem, datt "keen anere Cyclist a keen Auto" an d'Chute implizéiert gewiescht wier.

RTL

© Screenshot Instagram Chris Froome

Et ass déi zweet uerg Chute an der Karriär vum Tour-de-France-Gewënner vun 2013, 2015, 2016 an 2017. Am Joer 2019 hat hie sech beim Critérium du Dauphiné eng Rei Schanke gebrach, wéi hie mat héijer Vitess an en Haus gerannt ass. Zanterhier konnt hien net méi u seng Succèsen uknäppen. Seng lescht Victoire war d'Gesamtvictoire beim Giro d'Italia 2018.