De Belsch konnt sech op der Arrivée am Sprint duerchsetzen. Fir de Kevin Geniets ass et déi 99. Plaz ginn.

E Sonndeg stoung déi 89. Editioun vum Grand Prix de Plouay mat iwwer 261,7 Kilometer an Depart an Arrivée zu Plouay um Programm. D'Decisioun bei dësem franséische Klassiker sollt no iwwer sechs Stonnen am Massesprint falen, wou den Arnaud De Lie sech behaapte konnt. De Belsch stoung um Enn virum Fransous Emilien Jeannière an dem Olav Kooij aus Holland um Podium.

De Kevin Geniets ass als beschte Lëtzebuerger mat engem Ecart vu 5:18 Muntten op déi 99. Plaz gefuer. Den Arthur Kluckers huet missen opginn.

D'Klassement

1.DE LIE Arnaud 6:21:23
2. JEANNIÈRE Emilien ,,
3. KOOIJ Olav ,,
4. MAGNIER Paul ,,
5. GIRMAY Biniam ,,
6. PLUMIERS Rick ,,
7. GODON Dorian ,,
8. MATTHEWS Michael ,,
9. ANDRESEN Tobias Lund ,,
10. STUYVEN Jasper ,,

99. GENIETS Kevin 5:18

DNF KLUCKERS Arthur