Dës Woch ass de Roby Langers Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

Roby Langers

Viru 35 Joer huet hien et fäerdeg bruecht, mat Nice am Barragematch géint Stroossbuerg, an enger Hallschent 4 Goler ze schéissen. Nice huet de Match um Enn 6-0 gewonnen an ass an der Ligue 1 bliwwen. Iwwer dëse Match gëtt natierlech geschwat an och iwwer seng Relatioun mam legendäre Jules Bocandé. De Roby Langers huet sech awer och e puer Gedanke gemaach, a wéi eng Richtung sech de Lëtzebuerger Futtball entwéckelt.