Gravel-Coursse géife mech definitiv reizen

Dës Woch ass de Kevin Geniets Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.
An der Drëtter Hallschent. zitt de Kevin Geniets ee Bilan iwwer déi éischt Hallschent vun der Saison. An déi ass fir de Coureur vu Groupama-FDJ gutt. Direkt an enger vun der éischte Courssen, ass hien den 3 bei der Etoile de Bessège ginn. Am Mee ass hien du säin éischte Giro d‘Italia gefuer. Datt hien net an der Ekipp vum Tour de France war, war keng grouss Enttäuschung. Hie krut dat schonns ganz frei an der Saison gesot.
De Pogacar decidéiert, wéi d‘Course verleeft
Reegelméisseg fiert de Kevin Geniets Courssen, bei deenen och den Tadej Pogacar mat un den Depart geet. Dat wiere ganz einfach aner Courssen. Wann de Slowen sech gutt spiert, an dat ass meeschtens de Fall, da gëtt ganz séier Course gefuer. Deen Ament, sinn net méi vill aner Coureuren en même, fir säi Rad ze halen. An der Dauerrivalitéit mam Jonas Vingegaard, géif den Ament Villes fir de Pogacar schwätzen.
D‘Ekipp investéiert vill a mech an et gëtt och op mech gelauschtert
Zanter 2019 fiert de Kevin Geniets fir déi franséisch Ekipp Groupama – FDJ, déi ee Budget vun 20 Millioune pro Joer huet. Eng 120 Leit schaffe permanent fir d‘Ekipp. De Kevin Geniets seet am Podcast, datt säi Programm perfekt zesumme gestallt gëtt an dat hien de Privileeg huet reegelméisseg mat an den Héichtentraining ze goen, fir sech optimal op ee groussen Tour virzebereeden. Wann et emol Diskussiounen an der Ekipp ginn, dann zielt dem haut 28 Joer ale Lëtzebuerger seng Meenung. Dee Status huet hie sech an de leschte 6 Joer opgebaut.
No der aktiver Karriär villäicht an d'Psychologie
De Kevin Geniets hofft, datt hien nach e puer Joer op engem héijen Niveau ka fueren. Hie mécht sech awer elo och schonns Gedanken, wéi et no der Karriär kéint weider goen. Hie gesäit sech net als Directeur Sportif oder Masseur. Hie wëll méi Zäit doheem verbréngen a ka sech virstellen, sech intensiv mat der „Préparation Mental“ an der Psychologie am Groussen a Ganzen, ze beschäftegen. De Kevin Geniets ka sech awer och virstellen, genee wéi de Romain Bardet, iergendwann Gravel Courssen ze fueren.