Beim FORMULA 1 MSC CRUISES BELGIAN GRAND PRIX 2023 ass um Samschdegnomëtteg den drëtte Sprint vun der Saison gefuer ginn.

E Samschdegmëtteg ass no enger klenger Verspéidung vu 35 Minutte wéinst de schlechte Wiederkonditiounen de Shootout gefuer ginn, bei deem de Verstappen sech d'Pole Position fir de Sprint virum Piastri an dem Sainz séchere konnt. De Sprint selwer huet och misse wéinst dem Reen ëm 30 Minutte verréckelt ginn.

Am Sprint huet de Verstappen op en Néits dominéiert a sech déi éischte Plaz geséchert. Op der zweeter Plaz ass de Piastri iwwert d'Ligne d'Arrivée gefuer. De Podium gëtt iwwerdeems vum Gasly completéiert, deen als Drëtten am Zil ukomm ass.

D'Course hat allerdéngs oniwwersiichtlech ugefaangen. Esou si schonn eng sëllege Fuerer direkt an der éischter Ronn an d'Box gefuer, fir vu Wet-Pneuen op Intermediates ze wiesselen. De Rescht vum Feld, deen net an der éischter Ronn an d'Box komm ass, ass dunn an der zweeter Ronn an d'Box gefuer, fir d'Pneuen ze wiesselen. Well de Piastri eng Ronn virum Verstappen an d'Box gefuer war, konnt dësen den Hollänner dunn an der Box iwwerhuelen.

An der drëtter Ronn koum dunn och nach d'Safety Car zum Asaz. Dëst nodeems den Alonso säin Auto op sengem Gebuertsdag an de Kräsi gesat hat. Nom Restart konnt de Verstappen séier op de Piastri opschléissen an dësen an der Mëtt vun der Course souverän iwwerhuelen.

Doropshin ass de Verstappen dem Feld dervu gefuer. De Piastri ass ouni Konkurrenz op der zweeter Plaz gefuer an de Gasly huet sech am weidere Verlaf vun der Course ëmmer méi vum Hamilton distanzéiert, deen d'Course op der véierter Plaz ofschléisst, allerdéngs duerch eng fënnef Sekonne Strof, sech op der siwenter Plaz rëmfënnt.

D'Course vun e Sonndeg, bei där de Leclerc vun der Pole start, kënnt Dir um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. Vu 14.00 Auer un, wäerten de Serge Pauly an de Franky Hippert Iech duerch d'Course guidéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES BELGIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023