De Max Verstappen feiert eng Start-Zil-Victoire am Sprint

© AFP
An der Nuecht op e Sonndeg ass beim FORMULA 1 LENOVO UNITED STATES GRAND PRIX 2023 de fënneften an domat zweetleschte Sprint vun der Saison gefuer ginn.
Nodeems de Max Verstappen sech um Samschdeg den Owend schonn d'Pole fir de Sprint geséchert hat, konnt hien an deem dunn eng souverän Start-Zil-Victoire feieren. Et ass déi sechst Sprint-Victoire a senger Karriär. Op déi zweet Plaz ass iwwerdeems den Hamilton komm, wärend de Leclerc als Drëtten ukomm ass.
Hei fannt dir fir 7 Deeg de Replay vum Sprint.
Wärend de Verstappen gutt fortkomm ass, huet de Leclerc beim Depart seng zweete Plaz direkt un den Hamilton verluer. Um Ufank huet et dono ausgesinn, wéi wann de Britt um Mercedes dem Red-Bull-Pilot kéint Problemer bereeden, ma de Verstappen hat dunn awer séier eng Avance vun e puer Sekonnen.
De Carlos Sainz op Ferrari war als eenzege Pilot mat Soft-Pneuen un den Depart gaangen a konnt direkt zwou Plaze guttmaachen, huet déi awer am Laf vum Sprint nees verluer, soudass hien de Sechste gëtt.
D'Course um Sonndeg, bei där de Leclerc vun der Pole start, kënnt Dir um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. De Start vun der Emissioun ass um 20.30 Auer eiser Zäit an den Depart vun der Course ass fir 21 Auer festgeluecht.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.