Méintlaang gouf gerätselt, fir wéi een Team de Stardesigner Adrian Newey an Zukunft schafft. Elo ass gewosst: Seng nei Erausfuerderung ass gréng!

Wéi d’F1-Team vun Aston Martin um spéide Méindegowend kuerzfristeg fir en Dënschdeg op eng Pressekonferenz invitéiert huet, war de Formel-1-Insider scho kloer, dass et dobäi nëmmen ëm d’Arrivée vum Adrian Newey konnt goen. An effektiv: den Adrian Newey wäert vun nächster Saison u fir d’Ecurie vum Lawrence Stroll schaffen an esouguer Aktionär vum Aston Martin Aramco F1 Team ginn!  
Hie soll sech do als neie “Managing Technical Partner” virun allem op d’Entwécklung vum neien Auto fir d’Saison 2026 konzentréieren. 2026 ginn an der F1 nei Motoren- an Technik-Reglementer agefouert, an de Lawrence Stroll wollt sech fir déi Erausfuerderung den Knowhow vum beschten Designer iwwerhaapt sécheren. Esoubal et déi éischt Rumeure gouf, dass den Adrian Newey Red Bull verloosse wëllt, hätt hien de Stardesigner ugeschwat, fir hie vum Projet “Aston Martin” z’iwwerzeegen. Am Juni krut den Adrian Newey esouguer déi nei Aston-Martin-F1-Fabrik zu Silverstone an enger geheimer Visitt no Feierowend gewisen.

RTL

Den neien Aston-Martin-F1-Campus zu Silverstone ass ‘state of the art’. / © Aston Martin Aramco F1 Team

Och wann et sportlech fir d’Ecurie mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack am Moment net esou gutt leeft, wëllt Aston Martin spéitst 2026 ugräifen. Dozou gehéiert net nëmmen den neien Designer Adrian Newey, mee och eng nei Fabrick, dee modernste Wandkanal an der ganzer Formel 1 an eng exklusiv Partnerschaft mam neie Motorepartner Honda. De Lawrence Stroll ass houfreg, dass hien den Adrian Newey vu senger Visioun iwwerzeege konnt: “Den Adrian ass ee richtege Racer an ee vun deene kompetitiivste Leit, déi ech kennen. Wou hie gesinn huet, wat mir hei zu Silvestone opgeriicht hunn, huet hien direkt verstanen, wat mir wëlles hunn. Den Adrian huet dee selwechten Honger wéi mir, an hie gleeft un de Projet. Hien hëlleft eis, dat nächst Kapitel vum Aston Martin F1 Team ze schreiwen.”

RTL

Trotz Gespréicher huet den Adrian Newey sech géint Ferrari decidéiert. / © Red Bull Content Pool

Och den Designer selwer freet sech op seng nei Erausfuerderung, déi offiziell am Mäerz 2025 ufänkt: “Dem Lawrence seng Determinatioun gesäit een, wann ee sech den AMR Technology Campus an den neie Wandkanal zu Silverstone ukuckt. D’Infrastrukture si ‘state of the art’. Zesumme mat eise Partner ewéi Honda an Aramco, huet Aston Martin alleguer d’Puzzlestécker, déi ee brauch, fir Weltmeeschterschaften ze gewannen an ech freeë mech dorobber, dobäi ze hëllefen.”

Den Adrian Newey gëllt an der Formel 1 als absolutten Designguru. Him gëtt nogesot, dass hien als eenzegen Designer déi ganz Komplexitéit vun engem F1-Auto begräift a bis an de leschten Detail versteet, wéi déi eenzel Komponenten zesummeschaffen. De Britt huet an den 90er Jore fir Williams a McLaren geschafft, iert hien 2006 bei Red Bull gewiesselt ass. A sengem Palmarès stinn am Ganzen 13 Fuerer- an 12 Constructeur-Weltmeeschter-Titelen.
 
Den 1. Mee gouf bekannt, dass den Adrian Newey bei Red Bull d’Dier klaakt (RTL - Elo offiziell: Stardesigner Newey verléisst Red Bull). Am Fréijoer gouf virun allem vun italieenesche Medie spekuléiert, dass hie bei Ferrari wiessele kéint. Wéi de Ferrari-Teamchef Frédéric Vasseur mëttlerweil confirméiert huet, gouf et effektiv Gespréicher, mee et hätt een ënnerschiddlech Virstellungen iwwert d’Roll vum Newey bei Ferrari gehat.

RTL

Den Adrian Newey huet zënter 2006 fir Red Bull geschafft, an do bis elo 15 WM-Titel gesammelt. / © Red Bull Content Pool