D'Virschau op de Grousse Präis vum Aserbaidjan zu Baku

© AFP
8 Coursse bleiwen an der Formel 1 nach ze fueren, an et gëtt an den nächste Wochen nach richteg spannend ëm d'Weltmeeschterkroun.
Dat souwuel bei de Piloten, wéi och bei de Konstrukteuren. Dëse Weekend ass d'Kinneksklass aus den Automobilsport fir de Grousse Präis vum Aserbaidjan zu Baku...eng Streck mat enger Rei Erausfuerderungen.
Et ass déi aachte Kéier, datt zu Baku gefuer gëtt, déi siwente Kéier am Kader vum Grousse Präis vum Aserbaidjan. Bei deenen dräi leschten Editioune war de Charles Leclerc all Kéier dee Séierste mat sengem Ferrari an der Qualifikatioun, um Enn huet awer mam Max Vestappen, respektiv Sergio Perez, all Kéier e Red-Bull-Pilot gewonnen. Dës Kéier soll op d'mannst och McLaren matspillen, a Mercedes däerf een och net um Kaspesche Mier vergiessen. Dës Saison gouf schonn op Strecke gefuer, déi änlech Charakteristiken hu wéi déi zu Baku.
Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl: "Baku si mer rëm bei Medium Downforce, änlech wéi Spa, änlech wéi Silverstone, net grad esou néideg wéi Monza. D'Schwieregkeet zu Baku ass natierlech ëmmer deen Equiliber ze fannen tëschent wéineg genuch Flillek ze hunn, fir séier op d'Riichter ze sinn an awer genuch Appui ze hunn, fir den Deel ronderëm d'aalt Schlass, deen extreem verwénkelt ass an u sech änlech wéi Monaco ass."
Zu Baku gëtt et awer, wat d'Astellung vum Auto ugeet, nach eng zweet Schwieregkeet.
"Déi viischt Pneue waarm ze kréien, d'Kéiere sinn alleguer ganz kuerz. Et sinn ëmmer nëmmen 90-Grad-Kéieren. De Makadamm ass glat, well deen all Joers nei geluecht gëtt. Virun allem den Deel ronderëm d'Alschlass gëtt all Joers nei geluecht. Déi rappe se duerno erëm of, fir d'Paweeën erëm fräizeleeën."
E Samschdeg an der Qualifikatioun wäert dann och de Wandschied eng Roll spillen, fir iwwert dee Wee nach deen een oder anere weideren Zéngtel op d'Konkurrenz erauszehuelen.
"Du wëlls jo u sech um Enn vun denger séierer Ronn den Ufank vun der séierer Ronn vun engem aneren erwëschen, fir dass du do kanns de Wandschied profitéieren. D'Ecurië kënnen do och e bësse matenee spillen an dofir suergen, dass ee Pilot deem anere Wandschied gëtt. Wat awer dann heescht, dass d'Autoen relativ wäit ausernee mussen aus der Garage eraus schécken. Dat ass wat net ëmmer einfach ze timen, mee et ass extreem wäertvoll."
Um verwénkelte Circuit mat net manner wéi eelef 90-Grad-Kéieren a mat der aachter Kéier, der enkster Kéier vun der Saison, mat just enger Breet vu siwe Meter, muss een, wat d'Course ugeet, och ëmmer nees mat engem Safety Car rechnen.
"Do erënnert ee sech u Courssen 2017, 2018, wou véier fënnef rout Fändelen a Safety-Car-Phasen dra waren, dat ass hautzedaags manner warscheinlech, well e bësse méi Reegeler ronderëm sinn, wéi een hannert dem Safety Car sech ze behuelen huet a well Piloten och do an der Tëschenzäit wësse wéi een am effizientsten zum Baku e Restart mécht, ouni sech vulnerabel ze maachen. An awer muss een oppassen, dass een net ze fréi Gas gëtt, fir net den Safety Car erëm anzehuelen an net ze spéit Gas gëtt, fir net alleguer deen anere Wandschied ze ginn, virun dem Turn 1."
De Max Verstappen huet elo scho sechs Courssen hannerteneen net méi gewonnen, fir d'lescht war dat den 23. Juni zu Barcelona. Am Weltmeeschterschaftsklassement huet den Hollänner op der éischter Plaz nach 62 Punkten Avance op de McLaren-Pilot Lando Norris, bei de Constructeure gëtt et awer ëmmer méi enk fir Red Bull, d'Weltmeeschter-Écurie huet just nach e Virsprong vun aacht Punkten op McLaren.
D'Nouvelle vun der Woch ass jo, datt de Formel-1-Star-Designer Adrian Newey, d'nächst Saison net méi fir Red Bull ma fir Aston Martin mam Teamchef Mike Krack d'Autoen zeechent. De Weekend elo kënnt dir d'Kinneksklass aus dem Automobilsport natierlech nees op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op rtl.lu an rtlplay suivéieren. Den 3. Fräien Training gëtt e Samschdeg um 10.30 Auer gefuer. D'Qualifikatioun ass e Samschdeg de Mëtteg um 14 Auer an de Grand Prix e Sonndeg dann um 13 Auer - de Virprogramm fänkt um 12.15 Auer un.