
Déi Ausso vum Fernando Alonso huet et a sech: “Dat heite gëtt ee spezielle Weekend. Et ass warscheinlech meng leschte Barcelona-Course. Dofir wëll ech jidderengem Merci soen. Ech probéieren, de Weekend ze genéissen, och wa mir net kompetitiv sinn.”
Heescht dat, dass de F1-Weltmeeschter vun 2005 an 2006 ee konkrete Plang fir säi Récktrëtt huet, wollt dunn ee Journalist an der Pressekonferenz wëssen: “Nee, ech hu keng konkret Iddi am Kapp. Ech wäert nom Summer eng Decisioun huelen, op ech viru fueren oder net. Mee Barcelona steet d’nächst Joer net am Kalenner. A wann ech nach net weess, wat ech d’nächst Joer maachen, ass et quasi onméiglech ze wëssen, wat ech an zwee Joer maachen. Mee egal op wéi enger Course ech dëst Joer un den Depart ginn, ginn ech dovunner aus, dass et eventuell déi leschte Kéier ass. Déi leschte Kéier an Australien, déi leschte Kéier a China, déi leschte Kéier a Monaco. An hei zu Barcelona ass déi Chance nach méi grouss, well d’Course d’nächst Joer net gefuer gëtt.”
Och wann de Fernando Alonso seng éischt Ausso erëm nuancéiert huet, deit hie mat dëser Erklärung kloer un, dass hien net domadder rechent, 2028 nach an der Formel 1 ënnerwee ze sinn. Leschte Weekend zu Monte Carlo huet hien et nach fäerdeg bruecht, den éischte Punkt dës Saison fir Aston Martin ze sammelen.
Dëse Weekend fiert hie fir déi 23. Kéier zu Barcelona. Hien huet zweemol hei gewonnen, eemol mat Renault (2006) an eemol mat Ferrari (2013), a stoung dräi weider Kéieren um Podium.
De Grousse Präis vu Barcelona-Katalounien wäerte mir live op RTL Zwee an RTL Play iwwerdroen.