Course bleift erhalenMalaysia organiséiert de Bahrain Grand Prix

Serge Pauly
Tom Hoffmann
Wéinst de regionale Sécherheetsbedenke gëtt de Bahrain Grand Prix 2026 op de Sepang International Circuit a Malaysia verluecht.
De Max Verstappen um Sepang International Circuit a Malaysia am Joer 2017.
De Max Verstappen um Sepang International Circuit a Malaysia am Joer 2017.
© MANAN VATSYAYANA/AFP

Wéi d'FIA an d'Formula One Management (FOM) e Sonndeg confirméiert hunn, gëtt de Bahrain Grand Prix vum 2. bis de 4. Oktober 2026 um Sepang International Circuit a Malaysia gefuer, also tëschent dem Grousse Präis vum Azerbaijan a Singapur. Domat bleift de Bahrain Grand Prix trotz den aktuelle regionale Schwieregkeeten am Kalenner erhalen.

Offiziell wäert d'Course ënnert dem Numm "Formula 1 Gulf Air Bahrain Grand Prix in Malaysia" ausgedroe ginn.

D'Course ass nach un déi lescht formell Accorden an d'Zoustëmmung vum World Motor Sport Council gebonnen. De Rescht vum Formel-1-Kalenner bleift, Stand elo, onverännert.

De FIA-President Mohammed Ben Sulayem huet déi enk Zesummenaarbecht tëscht allen Acteuren ervirgehuewen a betount, dass d'Sécherheet vun den Ekippen, Offiziellen a Supporter zu all Moment déi héchst Prioritéit huet. Gläichzäiteg wier de Retour op Sepang e Beweis fir déi gutt Relatioun tëscht der FIA an dem malaysesche Motorsport.

Och de Formel-1-CEO Stefano Domenicali huet sech begeeschtert gewisen. Hien huet ënnerstrach, dass d'Formel 1 nach eng Kéier bewisen hätt, flexibel op onerwaart Situatioune reagéieren ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO