Mir weisen d'Virwërf kategoresch zréck, a wann Argumenter virgedroe ginn, déi d'Integritéit vun der Stad Esch oder hire Mataarbechter a Fro stellen, da gi mir dogéint vir. Dat sot den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, ugeschwat op d'Reproche vum Promoteur Kindy Fritsch, deen d'Stad Esch jo op 130 Milliounen Euro verklot, dat well d'Gemeng hire Verflichtungen an engem Bauprojet net nokomm wier. Well et eng lafend juristesch Prozedur wier, wollt den Escher Buergermeeschter d'Affär och net weider kommentéieren, just esou vill: Dëse Bauprojet wier net fale gelooss ginn, fir genuch finanziell Mëttel fir de Projet Rout Lëns ze hunn, esou wéi et de Promoteur Kindy Fritsch behaapt.
Weider Sujeten am Interview waren dann och nach de Logement, wou de Christian Weis sech zouversiichtlech gewisen huet, datt eng Taxe op Wunnengen, déi eidel stinn, schonn am Hierscht an der Minettmetropole kéint gestëmmt ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.