Sprint Qualifying live dëse Freideg ëm 16:25 Auer op RTL ZWEE an RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vun Holland

RTL Lëtzebuerg
D'F1-Rentrée huet et a sech. No der Summerpaus steet direkt ee Sprint-Weekend um Programm. D'Piloten hu wéineg Zäit, fir sech anzeschéissen, an d'Zuschauer kënnen op dräi Deeg Action hoffen.

Zu Zandvoort gëtt déi zweet Hallschent vun der F1-Saison 2026 agelaut. De Kimi Antonelli kënnt als souveränen Tabelle-Leader an Holland. Hien huet confortabel 50 Punkten Avance op de Lewis Hamilton. Mä wäerte Ferrari a Mercedes d'Victoire an den hollänneschen Düne wierklech ënnert sech ausmaachen? Oder hu Red Bull a McLaren um enke Circuit vläicht déi besser Kaarten?

Wann de Verstappen gewanne géif, wier hien net nëmmen de 6. Vainqueur an de leschte 6 Courssen, mee géif dann och ee ganz emotionale Schlussstréch ënnert den Holland-GP zéien. Et ass nämlech de leschten Optrëtt vun der F1 zu Zandvoort. 

Suivéiert de FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.   

Commentaire: Tom Hoffmann

Login, fir d’Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Sprint Qualifying, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 21. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 16h25
Start vun der Sprint-Qualifikatioun: 16h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h25
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 22. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 11h55
Start vum Sprint: 12h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h45
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 22. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 15h55
Start vun der Qualifikatioun: 16h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE  um RTL Play

Sonndeg, 23. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 14h20
Depart vun der Course: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h15
Commentaire: Serge Pauly an Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

Formel 1 2026 Kalenner

21. bis 23. August: FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2026
Circuit Zandvoort - Netherlands

4. bis 6. September: FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2026
Autodromo Nazionale Monza - Italy

11. bis 13. September: FORMULA 1 TAG HEUER GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2026
Madring - Spain

24. bis 26. September: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026
Baku City Circuit - Azerbaijan

9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore

23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States

30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO