
Zesumme mat der "TU Berlin" an dem Start-up Urbanfilter ginn zu Zandvoort zwee nei Filtersystemer getest. Si solle genee déi genannte Partikelen opfänken. Am Labo huet de System bis zu 99 Prozent vun de Partikelen zeréckgehalen. Elo soll sech weisen, ob dat och ënner reelle Konditioune funktionéiert. D'Zil geet awer wäit iwwer de Motorsport eraus: Wann d'Technologie sech bewäert, kéint se an Zukunft och op normale Stroossen agesat ginn.
Firwat genee Zandvoort?
D'Ingenieuren hunn am Laf vum leschte Joer Prouwe vum Circuit geholl an analyséiert, wéi eng Partikele bei engem Motorsport-Event iwwerhaapt entstinn. Op Basis vun dësen Donnéeë goufen zwee Prototyp-Filtersystemer entwéckelt.
Déi zwee Filtere sinn elo an d'Drainagenetz vum Circuit integréiert ginn a decken zesummen eng Fläch vu ronn 3.300 Quadratmeter ronderëm d'Boxegaass an der éischter Kéier, der Tarzanbocht (Tarzan-Kéier), of. Si fänken d'Reewaasser op, ier et de Circuit verléisst. Déi opgefaange Partikele kënnen duerno gesammelt an analyséiert ginn.
Zandvoort ass dofir och eng interessant Testplaz, well de Circuit direkt un der hollännescher Küst läit. D'Qualitéit vum Waasser an de Schutz vun der Ëmwelt hunn do eng besonnesch Bedeitung.
De Projet ass awer méi grouss wéi just Zandvoort
D'FIA wëll net nëmmen erausfannen, ob de Filter funktionéiert. Parallel gëtt och gemooss, wéi vill Partikele bei Motorsport-Evenementer iwwerhaapt an d'Ëmwelt kommen.
Dofir schafft d'FIA ënner anerem mat Imperial College London zesummen. Et goufe scho Miessunge beim Grand Prix zu Spa-Francorchamps an och bei de 24 Stonne vu Le Mans gemaach. Zu Spa goufe Sensoren am Paddock, an der Boxegaass, op den Tribünen an och méi wäit vum Circuit installéiert, fir d'Partikelbelaschtung mat an ouni Motorsportaktivitéit ze vergläichen.
A wat soll duerno geschéien?
Dat ass eigentlech de spannendsten Deel vum Projet: De Circuit soll als Testlabo déngen. Wann d'Filteren zu Zandvoort an der Praxis funktionéieren, kéinten aner Circuiten dës Technologie iwwerhuelen an op normale Stroossen souwéi an urbanen Drainagesystemer agesat ginn.