Fir dëse Weekend musse sech d'Pilote komplett ëmstellen. No den zwee séiere Circuite vu Silverstone a Spa geet et elo op den Hungaroring. An dee besteet quasi nëmmen aus Kéieren. Ausser op Start-an-Zil hunn d'Fuerer keng Geleeënheet, fir sech kuerz ze erblosen. Positiven Nieweneffekt: den Energiemanagement, deen déi lescht Coursse fir vill Kritik gesuergt huet, wäert an Ungarn keen Thema sinn.
Eppes ass elo scho sécher: de Mercedes-Junior Antonelli wäert als Tabelleleader an d'Summerpaus goen. Säin Teamkolleeg Russell brauch nom Spa-Frust dogéint dréngend een Erfollegserliefnis. Mee um kompakten Hungaroring kéint Ferrari do e Stréch duerch d'Rechnung maachen. Kënnt et an Ungarn zu engem weideren Duell Mercedes-Ferrari oder kann een aneren dotëscht funken?
Suivéiert de FORMULA 1 AWS HUNGARIAN GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Hoffmann
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL ZWEE an um RTL Play
Freideg, 24. Juli 2026: 16:55 – 18:05
Commentaire: Tom Hoffmann
Samschdeg, 25. Juli 2026: 12:25 – 13:35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Samschdeg, 25. Juli 2026:
Ufank vun der Emissioun: 15:55
Start vun der Qualifikatioun: 16:00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17:10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Sonndeg, 26. Juli 2026:
Ufank vun der Emissioun: 14:20
Depart vun der Course: 15:00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17:15
Commentaire: Serge Pauly an Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl
24. bis 26. Juli: FORMULA 1 AWS HUNGARIAN GRAND PRIX 2026
Hungaroring - Hungary
21. bis 23. August: FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2026
Circuit Zandvoort - Netherlands
4. bis 6. September: FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2026
Autodromo Nazionale Monza - Italy
11. bis 13. September: FORMULA 1 TAG HEUER GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2026
Madring - Spain
24. bis 26. September: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026
Baku City Circuit - Azerbaijan
9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore
23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States
30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar
4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi