Formel 1Charles Leclerc wënnt de Grousse Präis vu Groussbritannien

RTL Lëtzebuerg
Fir de Ferrari-Pilot ass et déi éischt Victoire zanter 2024.
© ANDREJ ISAKOVIC/AFP

De Charles Leclerc op Ferrari huet de Grousse Präis vu Groussbritannien gewonnen. De Monegass hat direkt um Depart de Polesetter Kimi Antonelli iwwerholl an ass sech duerno iwwer déi 52 Ronnen eng souverän Victoire erausgefuer. Op déi zweete Plaz ass den George Russell op Mercedes gefuer. De Lewis Hamilton op Ferrari ass als Drëtten nach mat op de Podium geklommen. De Britt riskéiert nodréiglech awer nach eng Strof an dierf sech senger Podiumsplaz nach net sécher sinn.

Fir de Leclerc ass et déi éischt Victoire zanter 2024 zu Austin.

D'Course ass wärend enger Safetycar-Phas op en Enn gefuer ginn. Dat nodeems de Max Verstappen mat sengem Red Bull véier Ronne viru Schluss d'Kontroll iwwer säin Auto verluer hat.

E batteren Dag war et fir de WM-Leader a Polesetter Kimi Antonelli. De jonken Italieener hat direkt um Start déi éischt Positioun un de Charles Leclerc an de Lewis Hamilton verluer. Wären der Course konnt hien nees laanscht den Hamilton zéien. An der 42. vun den 52 Ronnen hat den Antonelli e Problem mam Chassis a gouf no hannen duerchgereecht. Hien domadder keng Chance méi op d'Victoire an ass ouni Punkte bliwwen. De Russel mécht duerch seng zweete Plaz 18 Punkten am WM-Klassement op den Antonelli gutt. Béid Piloten trennen elo 25 Punkten.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 PIRELLI BRITISH GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO